Panorama
Owespanorama
1. D‘Regierung wëllt de Mëttwoch entscheeden, wéi et mat de Subsidë fir d’energetesch Sanéierung vu Gebaier weidergeet.
2. De Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg gesait am Budget fir d'nächst Joer een Defizit vu Ronn 219 Milliounen Euro viraus.
3. Keng Reaktioun vun der Direktioun vun Ampacet um aachte Streikdag. Den OGBL plangt weider Aktiounen.
4. "D’Regierung gleeft un de Site vu Liberty Steel zu Diddeleng", esou de Wirtschaftsminister Lex Delles no enger Entrevue haut mat de Personalvertrieder vum Metallveraarbechtungs-Wierk.
5. Zanter dem 7. Oktober sinn 15.899 Mënschen an der Gazasträif duerch israeelesch Bombardementer ëm d‘Liewe komm. Dat deelt de Gesondheetsministère, dee vun der Hamas kontrolléiert gëtt, haut mat.
Presentéiert vum
- Marlène Clement