Panorama
Owespanorama
12 min
1. Mat 35 géint 25 Stëmmen hunn d‘Deputéiert der Regierung haut d'Vertrauen ausgeschwat. No den Debatten iwwer de Koalitiounsprogramm war de Mëtteg an der Chamber ee Vertrauensvott
2. Den Direkter vum Mieterschutz weist sech enttäuscht a besuergt iwwer d’Zukunft vun der Logementspolitik. Datt de Koalitiounsaccord virgesäit, d’Locationsgesetz nees ganz ze iwwerschaffen, géif engem Angscht maachen
3. 13 Lëtzebuerger Associatioune ruffe fir muer zu enger Protestaktioun géint Amazon op. Si sinn Deel vum Netzwierk "Make Amazon Pay“, engem internationalen Zesummeschloss vu méi wéi 80 Organisatiounen
4. D‘Wafferou vu véier Deeg an der Gazasträif soll muer de Moien ëm 7 Auer Lokalzäit ufänken. Am Nomëtteg sollen och éischt israeelesch Geiselen, déi vun der Hamas an der Gazasträif festgehale ginn, fräikommen
5. D’UEFA huet haut d’Playoffs fir d'Fussball-Europameeschterschaft ausgeloust. Lëtzebuerg ka sech nach iwwer d’Nations League fir d'EM qualifizéieren
Presentéiert vum
- Françoise Medernach