Panorama
Owespanorama
12 min
1. De presuméierten Attentäter vu Bréissel ass dout, dat huet de belsche Parquet confirméiert. Nom Attentat mat zwee Doudege gëschter Owend war de Verdächtege bei enger Police-Aktioun am Quartier Schaerbeek de Moien neutraliséiert ginn.
2. Och a Frankräich gëllt déi héchsten Terroralerte. D‘Schlass vu Versailles ass wéinst enger neier Bommendrohung haut evakuéiert ginn a bleift och fir de Recht vum Dag zou. Dat deelt d‘Verwaltung vum Schlass mat.
3.Wëll nach keng Regierung steet gëtt anescht ewéi soss kee Gesetzesprojet zum Staatsbudget am Oktober deponéiert. Normalerweis d‘nächst Woch deposéiert d‘Regierung een provisoreschen techneschen Iwwergangsbudget
4.No de Parlamentswalen ee Sonndeg a Polen steet dat offiziellt Resultat fest: ee Muechtwiessel ass méiglech. Déi dräi pro-europäesch Oppositiounsparteie vu bis elo kënnen eng nei Regierung forméieren.
3.Haut ass de Bundeskanzler Olaf Scholz a muer den US-President Joe Biden an Israel. D‘Efforte fir eng humanitär Kris an der Gasaträif ze verhënnere, lafen op Héichtouren.
4. An Afghanistan klëmmt d'Zuel vun de Betraffenen vun den Äerdbiewe op iwwer 43.000.
Presentéiert vum
- Jacques Ganser