Panorama
Owespanorama
11 min
1. Et wier een no un enger Eenegung: Dat sot den Donald Tusk, Negociateur fir d’Europäesch Vollekspartei EVP, am Nomëtteg um Sennenger Schlass zu den Top-Posten an Europa no de Wale vum 9. Juni
2. An Zukunft sollen Entreprisen, déi een elektresche Camion oder ee Waasserstoff-Camion kafen, kënne vun enger staatlecher Investissementshëllef profitéieren
3. Dem Mark Rutte seng Chancen als Nofollger vum Nato-Generalsekretär Jens Stoltenberg klammen. Ungarn huet dem demissionären hollännesche Premier seng Ënnerstëtzung zougesot
4. An Thailand huet d‘Parlament de Wee fir d‘Legaliséierung fir d‘Bestietnes tëschent homosexuelle Koppele fräigemaach. De Gesetzesprojet gouf mat enger grousser Majoritéit ugeholl
5. Den Haut-Commissaire fir d'Mënscherechter bei der UNO warnt virun engem weideren Noost-Krich. Dat op Grond vun den dagdeegleche Konfrontatiounen tëschent der israeelescher Arméi an der Hisbollah-Miliz am Libanon
Presentéiert vum
- Marlène Clement