Panorama
Owespanorama
9 min
1. D‘DP huet op hirem Kongress hire Programm an hir Lëscht fir d‘Europawale presentéiert. Ugeféiert gëtt d’Lëscht vum laangjäregen Europadeputéierte Charel Goerens a vun der 28 Joer aler Amela Skenderovic.
2. D’Gemeng Wolz deelt mat, dass d’Drénkwaasser an der Stad Wooltz erëm ouni Restriktioune ka benotzt ginn.
3. Zu Istanbul hunn sech haut den tierkesche President Erdogan an de Chef vun der Hamas, Ismail Hanija getraff. Am Mëttelpunkt vun de Gespréicher stoung eng direkt Wafferou an der Gazasträif.
4. Nom Veto virun zwee Deeg vun den USA am UN-Sécherheetsrot géint eng UN-Memberschaft fir Palästina, wëll déi palestinensesch Féierung hir Relatioune mat den USA iwwerdenken.
5. Am nationale Futtball ass haut de 25. Spilldag vun der BGL Ligue. De Leader Déifferdeng trëtt am Spëtzematch géint den Tabellendrëtten Hesper un.
Presentéiert vum
- Marlène Clement