Panorama
Owespanorama
12 min
1. D’CSV-Deputéiert Diane Adehm huet haut an der Chamber Rapport vun der Finanzkommissioun presentéiert. An hirer Ried huet d’Rapportrice sech och mat der Zukunft vun der Finanzplaz beschäftegt.
2. 13,10 Prozent vun de Geschäfter op der Stater Gare stinn eidel. Dat ass ee Prozentpunkt méi wéi den nationalen Duerchschnëtt.
3. Nodeems de Moie fréi zu Fenneng zwee Gefierer a Brand gerode waren, sinn dräi Persoune festgeholl ginn, wéinst Verdacht op Brandstëftung.
4. De Mëtteg huet sech d’EU-Parlament mat grousser Majoritéit fir ee “Recht op Reparatur” ausgeschwat. Gemengt si nei Reegelen, no deenen een Hiersteller d’Apparater, déi e verkeeft, muss ënner bestëmmten Ëmstänn reparéieren.
5. An Däitschland sinn an de leschten zwee Deeg am Ganze véier Persoune festgeholl ginn, déi fir de chineesesche Geheimdéngscht solle spionéiert hunn. Dorënner ee Mataarbechter vum AfD-Europadeputéierte Maximilan Krah.
Presentéiert vum
- Marlène Clement