Panorama
Owespanorama
12 min
1. An der Chamber gëtt et no den Europawalen zwee Wiesselen. Bei der CSV ersetzt den éischte Schäffe vun Ettelbréck Jean-Paul Schaaf den Deputéierte Christophe Hansen. Bei der ADR réckelt de Partei-Vizepresident Dan Hardy fir den Deputéierte Fernand Kartheiser no
2. D‘Monica Semedo huet hire Sëtz am Europaparlament verluer. Si huet dës Kéier fir Fokus kandidéiert, mee krut just nach knapp ënner 5.000 Stëmmen
3. A Frankräich weise sech déi lénk Oppositiounsparteien no der historescher Victoire vum Rassemblement National oppe fir en eng gemeinsam Front géint d’Rietspopulisten op d’Been ze stellen
4. Zejoert huet d‘CFL am Ganzen 28,7 Millioune Passagéier transportéiert, dat geet aus hirem Joresbilan ervir
5. De Pierre Melina trëtt aus dem Péitenger Gemengerot zeréck. De fréieren CSV-Buergermeeschter souz zanter 1994 ouni Ënnerbriechung am Péitenger Gemengerot
Presentéiert vum
- Marlène Clement