Radioen

On air

Notturno  |  BrhyM, Bruce Hornsby & yMusic - Deep Blue

play_arrow Live
arrow_back_ios

Al Schanken

100komma7.lu / Al Schanken

/ One day a ship comes in …

One day a ship comes in …

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

One day a ship comes in …
… séngt de Mark Lanegan a sengem Lidd “One Hundred Days”. Iergendwann, ech weess net wéini, vläicht an 100 Deeg, ech dreemen an ech denken un dech.
An dëser Stonn mam Grëff an déi musikalesch Archivkëscht dréit sech munches ëm Verlaangeren, Erënnerungen, Hoffnungen an Trennungen - och bei der Sara K., déi de Broch vun hirer Bezéiung mat séisse Momenter aus besseren Zäiten zesummebréngt a voller Melancholie dem Reen nokuckt, dee géint d’Fënster schléit ... beim Gérald De Palmas, deen a senger Péng erdrénkt, Roserei an Haass empfënnt, déi wéi Gëft a sengen Odere fléissen ... oder och bei der PJ Harvey, déi sech an “One Line“ un den éischte Kuss erënnert an tëschent zwee Häerzer eng Linn zitt, déi béid verbënnt.
Zwee Live Tracks komme vum 2016 vertuerwene kanadesche Singer/Songwriter Leonard Cohen, dorënner ee vu sengen éischten Erfolleger, “Sisters Of Mercy“, dat een - wéi och säin aneren Hit “Suzanne“ - op sengem Debutalbum vun 1967 (“Songs Of Leonard Cohen“) fënnt.

Playlist:
1. Lambchop - Slipped Disolved and Loosed (Oh, 2008)
2. Mercury Rev - Holes (Deserter’s Songs, 1999)
3. Grandaddy - Laughing Stock (Under The Western Freeway, 1997)
4. Mark Lanegan - One Hundred Days (Bubblegum, 2004)
5. PJ Harvey - One Line (Stories From The City, Stories From The Sea, 2004)
6. Sara K. - I Can’t Stay The Rain (Hell Or High Water, 2006)
7. Gérald De Palmas - La Plaine (Les Lois De La Nature, 1997)
8. Lucinda Williams - Come On (West, 2007)
9. Bryan Ferry - Just Like Tom Thumb’s Blues (Dylanesque, 2007)
10. Leonard Cohen - Sisters Of Mercy (live) (Cohen Live, 1994)
11. Leonard Cohen - Everybody Knows (live) (Cohen Live, 1994)
12. Taj Mahal - The Calypsonians (Taj Mahal and the Hula Blues, 1997)

Musek
Rock a Pop

Episoden

Vertounte Geschichten

Eng Stonn an där mir am Genre "Songwriting“ ënnerwee sinn, mat Geschichten, déi an de leschte Joren a Joerzéngte vertount an erzielt goufen ...
headphones

60 min

play_arrow

Paul Weller live

Rock a Pop fir erëmzehéieren oder fir ze entdecken.

Osibisa live

Osibisa ass d’Band ronderëm de Saxofonist Teddy Osei aus dem Ghana - hien huet d’Formatioun 1969 zesumme mat afrikaneschen a karibesche Museker gegrënnt.
headphones

60 min

play_arrow

Rare Earth live

Rare Earth aus Detroit Michigan war eng vun de rare Formatioune mat wäisse Museker, déi Enn de Sechzegerjoren um Label Motown aktiv war.

Back to the seventies (2/2): 1975-1979

Rock a Pop sinn no knapps engem Joerzéngt net méi aus der Jugendkultur ewechzedenken - a wéi ze erwaarden zitt d’Musekindustrie séier mat a séchert sech hiren Undeel um massive Konsum.
headphones

60 min

play_arrow

Back to the seventies (1/2): 1970-1974

Nodeems Rock a Pop sech an de Sechzeger Joren hir Plaz an der Musekskultur erspillt hunn, geet d’Erfollegsgeschicht dat Joerzéngt duerno monter weider.
headphones

60 min

play_arrow

Revisited

Coverversioune vu Lennon/McCartney a vun Jagger/Richards - et erkennt ee se wuel erëm, mee vill dovunner droen zousätzlech d’Handschrëft vun deenen, déi se interpretéieren.
headphones

60 min

play_arrow

Black Pumas live

Black Pumas ass den Duo Eric Burton (Gesang) / Adrian Quesada (Gittar a Produktioun) plus backing band ronderëm déi zwee Museker aus Austin, Texas.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Zeréck an d’Sixties!
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Live tracks
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Around Austin, Texas
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Rockin’ the 90ies!
headphones

60 min

play_arrow

Echo and the Bunnymen live

D'Livetracks vun der brittescher Band koumen eréischt 2001 an der véier-CD-Box “Crystal Days” eraus, opgeholl goufe se awer schonn am Abrëll 1985 wärend enger Schweden-Tour.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Let’s go live!
headphones

60 min

play_arrow

Bob and Jesus

Et geet ëm een eenzegen Album: “Slow Train Coming” (1979), deen éischte vun enger reliéiser Trilogie, déi de Bob Dylan als engagéierte Chrëscht opgeholl huet.
headphones

60 min

play_arrow

One day a ship comes in …

… séngt de Mark Lanegan a sengem Lidd “One Hundred Days”. An dëser Stonn mam Grëff an déi musikalesch Archivkëscht dréit sech munches ëm Verlaangeren, Erënnerungen, Hoffnungen an Trennungen
headphones

60 min

play_arrow

Essential Funk & Soul

headphones

60 min

play_arrow

The Cure live

Zanter den Enn Siwwenzeger ziele The Cure zu den aflossräichsten Acts an der Zeen. Am Oktober 2019 koum hire Coffret “40 Live - Curaetion 25 - Anniversary“ eraus.
headphones

60 min

play_arrow