arrow_back_ios
Fräie Mikro
Neit Zesummenliewen-Gesetz: Mir sinn all gefuerdert
Mam Gesetz vum 1. Januar 2024 iwwer dat interkulturellt Zesummeliewen ass e wichtegt Instrument fir de gesellschaftlechen Zesummenhalt an eisem Land geschafe ginn. Bierger a Gemenge sollen dëst partizipatiivt Instrument fir eng oppen, emanzipéiert a multikulturell Lëtzebuerger Gesellschaft benotzen, mengt d’Laura Zuccoli, Biergerrechtlerin ronderëm Froe vum Zesummeliewen.