Klassik Aktuell
Nei Saison a Resonanzen
10 min

D‘Marie Schockmel begréisst Iech vu méindes bis freides allkéiers um zwou Auer a Resonanzen. Energie, Freed un der Musek an eng ganz Rei Interviewen, Reportagen an Entdeckunge stinn am Mëttelpunkt. Doriwwer eraus presentéiert sech de Klassik-Album vun der Woch all Méindeg an engem neien dynamesche Format. Freides gëtt de Remy Franck en Abléck a seng perséinlech Highlighten an deelweis och Enttäuschungen aus der breeder Palett vun den neie Releasen um Klassik-Maart.
Dënschdes hëlt eis de Joachim Fontaine a senger neier Serie "Die musikalische Hintertreppe“ mat an de Backstage a kuckt op déi méi ongewéinlech Episoden aus dem Liewe vu Komponistinnen a Komponisten. Donneschdes geet et an der Serie Sequenza mam Maria Gutierrez ëm d‘Black Classical Music an déi beweegten an dacks och inspiréierend Geschichte vun hire Protagonisten.
Déi ganz Klassik-Ekipp freet sech drop Iech iwwer déi nächst Saison ze begleeden an zesumme vill Neies ze entdecken.
Presentateur
- Luc Boentges
episoden

Saarland trëfft op Kolumbien
Den Duo Nomos invitéiert op een Jazz-Concert an der Stad (15.09).

Is it like a 10 day party?
Den Niall Brown iwwer den Ufank vum Konz Musik Festival (31.08.-10.09.)

Lëtzebuerger Rousen- a Gaardelidder
Neien Album vum Georges Urwald mat Lëtzebuerger Musek

D'Musek ass seng sechst Sprooch
Zwee Concerte mam japanesche Pianist Kotaro Fukuma um Mosel Musikfestival (08.09.)

Déi néngt Editioun vum internationalen Uergelconcours zu Diddeleng
De Paul Breisch ass ee vun de Jurysmembere beim internationale Concours fir Uergel zu Diddeleng. Hien erkläert, wat dëse Concours eenzegaarteg mécht.

An aacht Statiounen duerch d'Lëtzebuerger Museksgeschicht
E Gespréich mam Musekswëssenschaftler Damien Sagrillo iwwer seng Publikatioun "Musikgeschichte Luxemburgs"

D'Militärmusek am Gréiweschlass zu Käerch
Concert vun der Militärmusek ënner der Baguette vum Chef de Musique adjoint Jean Thill am Kader vun de Concerts de Koerich (03.09.)

Ee romanteschen a musikaleschen Duo
Concert de Midi vum Duo Phébus an der Protestantescher Kierch an der Stad (01.09.)

Keen éischte Präis
Den Alexander Sinan Binder an de Mateusz Gwizdalla deele sech den zweete Präis beim internationale Zoltán-Kodály-Dirigenteconcours.

Keen éischte Präis
Den Alexander Sinan Binder an de Mateusz Gwizdalla deele sech den zweete Präis beim internationale Zoltán-Kodály-Dirigenteconcours.

"It is like a 10 day party"
Den Niall Brown ass neien artisteschen Direkter vum Konz Musik Festival (31.08.-10.09.).

Niveau net esou héich wéi erwaart
No zwou Ronne stinn d'Finalisten vum internationalen Zoltán-Kodály-Dirigenteconcours fest. De Jurysmember Remy Franck gëtt en Abléck an den Oflaf.
E ronne Gebuertsdag an en ëmstriddene Biopic
Komponist, Dirigent, Museker a Pedagog: De 25. August 1918 koum de Leonard Bernstein op Welt. E Biopic kuckt elo op säi Liewen zeréck.

25 Jahre auf dem Holzweg
Concert vum Grupp Wildes Holz um Mosel Musikfestival (29.08.)

Musek am Atertdall
De Festival Musik am Atertdaul mat der Stëmm am Mëttelpunkt

E Midi Musical mat Bach a Rheinberger
Den Organist Jos Majerus an d'Geiistin Jehanne Strepenne proposéieren eng musikalesch Mëttesstonn an der Méchelskierch.

Als Net-Dirigent op engem Dirigenteconcours
De Remy Franck ass am Jury vum internationale Kodály-Concours. Hie beräichert de Jury duerch seng jorelaang Erfarung als Musekskritiker.

"Man muss musikalisch gesehen die Hosen runter lassen"
Dräi Concerte vum Klarinettist Sebastian Manz um Mosel Musikfestival 2023 (17./19. an 20.08.)
