Radioen

On air

Notturno  |  Portishead - Only You

play_arrow Live
arrow_back_ios

Song vum Dag

100komma7.lu / Song vum Dag

/ Nation of Language - Sightseer

Nation of Language - Sightseer

D'Vakanzesaison kënnt lues op en Enn, mee an eisem Song vum Dag gëtt nach gemittlech gereest. "Sightseer" - esou heescht di nei Nummer vum Trio "Nation of Language". En Titel deen ee mat vill Nostalgie zeréck an d'80er féiert. Den Jamie Reinert zielt eis méi.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Hayden Thorpe - They

De Britt Hayden Thorpe entdeckt eng bedeitungsvoll Muschelbänk an engem Buch.

Robyn - Dancing On My Own

En Titel vun der schweedescher Popsängerin Robyn, déi haut hire 45. Gebuertsdag feiert.

Yannis and The Yaw - Under The Strikes

De Frontman vun der Rockband Foals hat de legendäre Batteur Tony Allen viru sengem Doud am Studio. D‘Resultat deet nawell gutt wibbelen.

Ray Charles - What'd I Say

Hie gëllt als Papp vum Soul: den amerikanesche Museker Ray Charles. Haut (10.6.) op sengem 20. Doudesdag erënnere mir un ee vu senge gréisste Succèsen.

Florence Besch – Donut of Darkness

Déi Lëtzebuergesch Lidderschreiwerin Florence Besch stellt eise Song vum Dag mat hirer neier Single “Donut of Darkness”, nach waarm aus der Press.

Dr. John - Revolution

Et gi kaum Blues-Museker:innen, déi hien net als Referenz zitéieren: den Dr. John. Bekannt gouf hien duerch säi Piano- an Uergelspill voller Groove a Séil ...

The Pixies - You‘re So Impatient

36 Joer ass et schonn hier, datt d’Bostoner Alternativ-Rockband Pixies hiren Debut “Surfer Rosa” erausbruecht hunn.

Slowdive - Kisses

Mat Slowdive ass den Owend (4.6.) eng Formatioun am Atelier zu Gaascht, déi haut Kult ass, virun iwwer zwanzeg Joer awer hir Karriär ënner denkbar schlechte Virzeechen ugefaangen hat.

Toots & The Maytals – 54-46 (Is My Number)

Viru 50 Joer koum eng Plack eraus, déi bis haut fir all Reggae-Fan gelauschtert gehéiert: „In The Dark“ vun Toots an d' the Maytals.

Roky Erickson - Aint Blues Too Sad

"Ain‘t Blues Too Sad“, eise Song vum Dag koum haut vum fréiere Frontmann vun de 13th Floor Elevators Roky Erickson, dee viru 5 Joer verstuerwen ass.

John Myrtle - How Do You Break A Heart?

Mat senger neier Single kuckt de John Myrtle méi an d’Zukunft wéi an d’Vergaangenheet.

James Blake - Thrown Around

Vun elektronesche Virbiller a Workalkoholismus

Gladys Knight and The Pips - Midnight Train To Georgia

Mat "Midnight Train To Georgia“ ass der Formatioun Gladys Knight and The Pips hire gréisste Succès gelongen. Haut (28.5.) feiert d‘Leadsängerin hiren 80. Gebuertsdag.

Corbi - Niwwelluucht

Nei Musek vum Kueb

Tuys - The Dream You Never Had

Déi Lëtzebuerger Band Tuys preparéiert sech op d’Festival-Saison mat hirer neier Single “The Dream You Never Had”.

The Beach Boys - Good Vibrations

Eise Song vum Dag feiert de Robert Moog, Entwéckler vum Moog Synthesizer, deen haut (23.5.) 90 Joer al gi wier.

The Smiths - Unhappy Birthday

Streidereg an ëmstridden: De fréieren The Smiths-Frontmann Morrissey feiert haut (22.5.) säi 65. Gebuertsdag.

Sun Smash Palace - New July

Sun Smash Palace hunn eng fuschnei Single dobaussen: "New July“.

Raftside - DNCNG

Eng fuscnhei Single vu Lëtzebuerg, de Raftside mat "DNCNG“