Panorama
Moiespanorama
18 min
1. D’Waasserverwaltung huet gëschter Owend eng Warnung erausginn, wéinst dem ville Reen, dee fir dës Nuecht a virun allem haut gemellt gëtt. Et besteet eng Héichwaassergefor
2. 2024 bréngt eng Rei Verännerunge mat sech: D’TVA klëmmt nees op den Niveau, wou se virum Ukrain-Krich war, d’CO2-Steier geet weider liicht an d’Luucht, mee fir d’éischte Kéier zanter siwe Joer gëtt de Steierbarême un d’Inflatioun ugepasst
3. Mat enger ganz knapper Majoritéit vun enger Stëmm huet dat iewescht israeelescht Geriicht déi ëmstridde Justizreform vun der Regierung Netanjahu gekippt
4. D'Zuel vun Doudesaffer no enger Serie vu staarken Äerdbiewen op der japanescher Westküst ass weider eropgaangen. Op d'mannst 30 Leit sinn an der Prefektur Ishikawa gestuerwen
5. De südkoreanesche Oppositiounsleader Lee Jae Myung gouf wärend engem ëffentlechen Optrëtt vun engem Mann mat engem Messer attackéiert a blesséiert
Presentéiert vum
- Jacques Ganser