1. D‘Regierung wëllt eng breet Diskussioun iwwer de Pensiounssystem féieren a mat villen Acteuren zesummekommen, d‘CGFP gesäit d‘Erfollegschancen dovu méi skeptesch
2. Iwwer d‘Spëtzeposten an den EU-Institutiounen diskutéieren haut d'Staats- a Regierungscheffen aus der EU zu Bréissel. D'Ursula von der Leyen kéint op en Neits als Presidentin vun der Kommissioun nominéiert ginn
3. A Frankräich leeft haut de Walkampf u fir den éischten Tour vun de Parlamentswalen an zwou Wochen
4. D‘Zuel vun asazbereeten Atomwaffen ass zejoert am Verglach mam Joer virdrun däitlech eropgaangen, mellt de schweedesche Friddensfuerschungsinstitut Sipri