Panorama
Moiespanorama
1. Trotz dem Krich an der Ukrain hunn d‘Waffekonzerner weltwäit 2022 manner Recettë gehat, wéi dat Joer virdrun. Dem Stockholmer Friddensfuerschungsinstitut Sipri no louch den Ëmsaz bei 597 Milliarden Dollar
2. En amerikanescht Krichsschëff gouf gëschter an eng Dronenattack am Roude Mier verwéckelt
3. Venezuela soll d‘Regioun Essequibo, déi dem Nopeschstaat Guyana gehéiert, annektéieren, dofir hu sech an engem Referendum 96 Prozent vun de Leit ausgeschwat
4. Knapp fënnef Wochen nom Ufank vun der israeelescher Offensiv am Gaza sinn d‘Truppen elo och Richtung Südgaza avancéiert
5. An Däitschland gëtt nach ëmmer um Budgetsprojet fir d‘nächst Joer geschafft, wéinst dem Milliarde-Lach musse sech SPD, FDP an déi Gréng bannent kuerzer Zäit op ee Budget eenegen
Presentéiert vum
- Pierre Reyland