Radioen

On air

Notturno  |  Jon Lucien - Rashida

play_arrow Live
arrow_back_ios

Klassik Aktuell

100komma7.lu / Klassik Aktuell

/ "Mir mussen dat hikréien"

"Mir mussen dat hikréien"

headphones

10 min

Lauschteren play_arrow

D'Star-Organistin Anna Lapwood wëllt onbedéngt eng Kéier op der Uergel zu Diddeleng spillen. Hire Wonsch geet haut den Owend (04.06.) an Erfëllung.

Eigentlech geet d'Anna Lapwood eréischt Enn Juni nees op Tournée. Elo um 4. Juni steet awer nach Diddeleng op hirer Agenda. Si hëlt de Concert vum 30. Abrëll no, dee si aus gesondheetleche Grënn hat missen ofsoen.

Si gëtt mat grousser Virfreed erwaart, de Concert vun haut den Owend ass ausverkaaft. Op TikTok huet si Honnertdausende vu Follower, a si spillt reegelméisseg an deene gréisste Concertssäll uechter Europa. Elo steet fir si zu Lëtzebuerg e Concert op der Affiche, op dee si sech ganz besonnesch freet: Haut spillt si nämlech op der Uergel zu Diddeleng an der Kierch. Et ass en Instrument, dat si scho méi laang eng Kéier wollt ausprobéieren, wéi si dem Luc Boentges am Interview verréit.

Organiséiert gëtt dëse Concert vum FIMOD, dem Festival international d'orgue de Dudelange.

Musek
Klassik
mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Alles ronderëm d'Gittar

De Gittarefestival am Stater Conservatoire geet a seng drëtt Editioun
headphones

7 min

play_arrow

Eng Saison mat villen Anniversairen

20 Joer Philharmonie, dem Gustavo Gimeno seng zéngt Saison, an dem Simon Rattle säi 70.Gebuertsdag. Et gëtt awer och en Abschid gefeiert...
headphones

8 min

play_arrow

Rising Star Mathis Stier an der Philharmonie

De Münchner Fagottist spillt e Concert zesumme mam Akkordeonist Julius Schepansky an der Philharmonie (07.05.)
headphones

8 min

play_arrow

Piano Week am Escher Conservatoire

Wärend enger Woch ginn déi verschidde Facettë vum Instrument mat Concerte vu Schüler:innen, Proffen, an zwee internationale Pianiste beliicht.
headphones

5 min

play_arrow

Nei Saison vun de Solistes Européens, Luxembourg.

D'Saison 24-25 versprécht lauter Iwwerraschungen a feiert de 35. Gebuertsdag vum Orchester.
headphones

8 min

play_arrow

E volle Concertsweekend am Éislek

Dëse Samschden a Sonnden (27. & 28.04.) ginn et direkt dräi Concerten um Klenge Maarnecher Festival
headphones

7 min

play_arrow

Fun! Mam OCL

Dëse Sonnden (28.04) gëtt et am Kammermusekssall vun der Philharmonie e ganz ... witzege Concert.
headphones

6 min

play_arrow

Méi wéi just Suen

D’Halleffinall vum zweete Prix Anne & Françoise Groben steet virun der Dier. D’Zil vum Concours ass et e Sprangbriet fir e jonkt Talent ze sinn.
headphones

7 min

play_arrow

Catch Music Festival

Vum 26.-28. Abrëll ass déi 3. Editioun vum Catch Music Festival am Centre Culturel zu Bouneweg.
headphones

9 min

play_arrow

Déi perfekt Resonanz

De 27. Abrëll ass dem Alexander Nikolajewitsch Skrjabin säin 109. Doudesdag.
headphones

8 min

play_arrow

Jazz and the City

D'Lëtzebuerger Philharmoniker spille Gershwin, Bernstein, Ellington a Zygel. Den Dirigent an de Solist um Piano ass de britesche Museker Wayne Marshall.
headphones

9 min

play_arrow

Uechter d'Land

Bei der Lëtzebuerger Staatsvisitt an der Belsch spillen d'Lëtzebuerger Philharmoniker e Concert mam Ivan Boumans sengem Medley "Uechter d'Land"
headphones

6 min

play_arrow

"Ech sollt do eigentlech net eleng stoen"

E Gespréich mat der Tanja Tetzlaff iwwer den ICMA-Award fir hiren Album mat hirem Brudder Christian an dem verstuerwene Pianist Lars Vogt.
headphones

6 min

play_arrow

E Fest vun der Musek

De Gala-Concert an d'Präisiwwerreechung vun den International Classical Music Awards 2024
headphones

13 min

play_arrow

Déi grouss Uergel aus der Philharmonie

De Maurice Clement spillt ënner anerem Wierker vu Franck, Bruckner a Liszt op der grousser Uergel vun der Philharmonie.
headphones

11 min

play_arrow

De J.-S. Bach gëtt neierfonnt

Mam neien Album "(ré)inventions à deux pianos" vum Duo Vershinina/Lee
headphones

8 min

play_arrow

'We want the teachers of the future"

D'Enseignantë ginn zu Lëtzebuerg am Bachelorstudium fir Enseignement Musical ausgebilt.
headphones

6 min

play_arrow

Fréijoersconcert zu Miersch

Den Orchestre National des Jeunes du Luxembourg spillt den 13. Abrëll am Mierscher Kulturhaus.
headphones

7 min

play_arrow

Opera GO

Eng musikalesch Juegd op Schätz duerch d'Alstad fir Operen ze fannen an ze entdecken - änlech wéi Pokemon GO
headphones

10 min

play_arrow

Catherine Kontz - The Waves

Viru Kuerzem hunn d'Solistes Européens, Luxembourg en neien Album erausbruecht mat Wierker vu Lëtzebuerger Komponisten. Mat dobäi ass och eng Komponistin: D'Catherine Kontz.
headphones

11 min

play_arrow