Panorama
Mëttespanorama
12 min
1. An der Chamber sinn haut d‘Debatten iwwer d‘Regierungsdeklaratioun: D‘Reaktioune vun CSV an DP ware wéi erwaart positiv: méi kritesch Téin huet d‘Oppositiounsleaderin Taina Bofferding vun der LSAP ugeschloen
2. De Lëtzebuerger Kënschtler Armand Strainchamps ass am Alter vun 68 Joer gestuerwen
3. 48 Prozent vun den Awunner hei am Land wunnen an nëmme sechs Kärgebitter hei am Land, de Statec huet nei Detailler aus dem Recensement vun 2021 matgedeelt. 27 Prozent, 170.000 Mënschen, wunnen eleng am Kärgebitt vun der Stad Lëtzebuerg
4. No senger Walvictoire muss den hollännesche Rietspopulist Geert Wilders sech op méi schwiereg Koalitiounsverhandlungen astellen
5. An Däitschland gouf et haut gréisser Razzië géint engersäits Supporter vun der Hamas an der Samidoun an anerersäits presuméierte "Reichsbürger".
Presentéiert vum
- Paule Rodesch