Panorama
Mëttespanorama
11 min
1. D‘Police huet de Moien en Tëschefall am Raum Beetebuerg a Fenneng gemellt, wou e puer Täter op der Flucht wieren, dat no engem Tëschefall zu Fenneng.
2. Den designéierte Generaldirekter vu Luxtram sot de Moien am 100,7 Interview et wéilt een sech elo Zäit huelen, fir nach eemol ganz nei ze iwwerleeë wéi een de Stroosseraum op der Avenue de la Porte-Neuve laanscht de Stater Park kann organiséieren
3. D’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer ass ganz zefridde mam Bilan vum Policeasaz an hirer Gemeng. Déi aggressiv Mendicitéit hätt dank der méi grousser Policepresenz visibel ofgeholl
4. D‘UNO huet déi brittesch Regierung opgefuerdert d‘Ausweise vun Asyldemandeuren an de Ruanda nach eemol z‘iwwerdenken.
5. Wéinst presuméiertem Spionage fir China ass e Mataarbechter vum AfD-Europadeputéierte Maximilian Krah festgeholl ginn
Presentéiert vum
- Françoise Medernach