Radioen

On air

Notturno  |  William Tyler & The Impossible Truth - Area Code 601

play_arrow Live
arrow_back_ios

Valibrairie

100komma7.lu / Valibrairie

/ Margret Steckel

Margret Steckel

headphones

63 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

1992 gewënnt si den Nationale Literaturconcours, 1997 gëtt hir de Prix Servais iwwerreecht fir hir Erzielung "Der Letzte vom Bayrischen Platz'" An dësem Wierk geet d’Margret Steckel op Berlin vun den 39er a 40er Joren, eng Stad, déi si gutt kennt, eng Zäit, déi hir Kandheet gepräägt huet.
Den historesche Kontext ass a ville vun hire Schrëften ze fannen, net fir d’lescht am Roman “Servais”, eng Saga iwwer d’Mierscher Servais-Famill.
Margret Steckel, Joergang 1934, huet den Faschismus an Zweete Weltkrich erlieft, ass an der Diktatur vun der DDR grouss ginn, fir dann iwwer Berlin a München, en Deel vun hirem Liewen an Irland, dann an England a schlussendlech zu Lëtzebuerg ze verbréngen.
Si ass Dolmetscherin an Iwwersetzerin, zanter 1962 schreift si Erzielungen. Bis elo huet si 16 Bicher publizéiert, an Däitschland, an zu Lëtzebuerg, bei Éditions Phi, bei Éditions Binsfeld an hir d'lescht Wierker koumi bei Capybarabooks eraus.

Kultur
Literatur
mic_none

Presentéiert vum

Episoden