Radioen

On air

Notturno  |  Jaunt - Holding On To You

play_arrow Live
arrow_back_ios

Reen a Bou

100komma7.lu / Reen a Bou

/ Loftmassegrenz an der neier Woch

Loftmassegrenz an der neier Woch

headphones

8 min

Lauschteren play_arrow

An nächster Zäit kënnt erëm uerdentlech Beweegung an d’Wiederkichen. Den Héichdrockafloss hëlt of, geschwënn ass et awer eriwwer mat de ville sonnege Momenter.

Politik a Gesellschaft
Nohaltegkeet

Episoden

No variabelem Weekend nees méi waarm

Mir erliewen an Tëschenzäit jo erëm méi stabilt Wieder, mat enger kuerzer Ënnerbriechung bis e Samschdeg. Do kënnt et nämlech zu Schauerwieder.
headphones

6 min

play_arrow

De Reen hält sech a Grenzen

Wann et esou virugeet, da stellt sech déi zweet Julihallschent als eng richteg summerlech Phas eraus. De Weekend iwwer hu mir en héichsummerleche Peak erreecht.
headphones

5 min

play_arrow

Wéi gëtt d’Temperatur richteg gemooss?

An dësen Deeg kuckt ee méi dacks op den Thermometer: Et gëtt héichsummerlech. Mee wéi weess een, ob de gemoossene Wäert iwwerhaapt stëmmt?
headphones

5 min

play_arrow

En Hauch vu Stabilitéit

Eng summerlech Woch steet un, an där et net méi grad esou variabel ass. Bis op e puer eenzel Ausnanem erwaart eis eng méi dréche Woch, mat summerlechen Temperaturen.
headphones

5 min

play_arrow

Hëtztwell iwwer Südeuropa, a bei eis?

Déi summerlech Temperature konnte sech emol bëssen halen. Am Mëttelmierraum steet eng richteg Hëtztwell un. Kéinte mir och eppes dovu matkréien?
headphones

7 min

play_arrow

Mir fuere weider Achterbunn

An der neier Wiederwoch erwaart eis zwar Héichsummer, mee dat nëmme kuerz.
headphones

5 min

play_arrow

Kënnt de Summer geschwënn zréck op Lëtzebuerg?

Mam Wieder geet et de Moment staark op an of. Geschwënn gëtt et erëm méi waarm.
headphones

8 min

play_arrow

Juli-Start manner waarm

No den deels schroen Donnerwiedere vun de Weekend berouegt sech d’Wiederlag zwar elo, mee de Summer mécht och eng Paus.
headphones

6 min

play_arrow

Déi éischt 30°C vum Joer, an elo?

No laangem Waarde goufe mir elo fir e puer Deeg laang vum Summer verwinnt. De Summer ass scheinbar endlech zu Lëtzebuerg ukomm - et ännert leider awer geschwë schonn erëm.
headphones

6 min

play_arrow

Mir krazen un den 30 Grad

Zweet Hallschent vum Juni: Zäit fir Summer. Déi bis ewell längste summerlech Phas vum Joer steet un. Et ass mat knapp 30 Grad ze rechnen.
headphones

5 min

play_arrow

D’Wieder fir Nationalfeierdag an doriwwer eraus

Nationalfeierdag steet schonn nees virun der Dier. Et ass zwar liicht méi waarm ginn, mee Reen an Donnerwiedere loosse kee Summerfeeling opkommen - nach net.
headphones

7 min

play_arrow

Risiko vu kräftegen Donnerwiederen

Et maache sech zwar endlech méi waarm Loftmasse bei eis breet, déi awer och zimmlech fiicht sinn. D’Theema Donnerwieder gëtt méi grouss.
headphones

8 min

play_arrow

D’Chance op Summerwieder klëmmt

Bis ewell hu mir nach net vill vum meteorologesche Summer gesinn. Deels war et esouguer nach fraschteg. Déi méi kill Phas geet awer geschwënn op en Enn.
headphones

6 min

play_arrow

Kill Loftmassen aus Nordwesten

De Weekend war ee fir ze genéissen. Elo gëtt et en Tick méi kal. D’Berechnungen aus de leschte Woche confirméiere sech: D’Temperature leie vun elo un ënner dem Duerchschnëtt.
headphones

6 min

play_arrow

D’Besserung ass do, mee fir wéi laang nach?

Wann ee virun d’Dier kuckt, da kritt een jo scho bal Hoffnung op Summerwieder. Mee mir sinn nach net grad iwwer de Bierg
headphones

5 min

play_arrow

Manner Reen - Eng Besserung kënnt

De Weekend iwwer war et schonn e bësse besser. En Trend, dee weidergeet?
headphones

5 min

play_arrow

Kleng Besserung um Horizont

Zanter der leschter Emissioun koum erëm richteg vill Reen dobäi. Mir kéinten elo awer geschwë mol fir eng Zäit iwwer de Bierg sinn.
headphones

8 min

play_arrow

Mëtt der Woch nees méi naass

No engem nawell frëndleche Weekend gëtt et geschwënn erëm méi naass.
headphones

4 min

play_arrow

E liicht bessere Weekend steet un

De Ree gi mir zwar net ganz lass, mee et gëtt liicht besser. Dëse Mount huet et lokal scho bal 200 l/m² gereent. Och wärend de leschten Deeg vum Mee wäert et net dréche bleiwen.
headphones

6 min

play_arrow

D'Onwieder aus Däitschland beaflosst d'Météo zu Lëtzebuerg

D’ Reegebitt forméiert sech am Kader vun engem klengen Déif iwwert dem südwestlechen Däitschland, a beweegt sech am Laf vum fréie Freidemoien a Richtung Nord/Nordwesten. D’ Reegebitt forméiert sech am Kader vun engem klengen Déif iwwert dem südwe
headphones

5 min

play_arrow