Déi gutt Noriicht
Krabbe rette Korallen
4 min
D'Koralleriffer sinn net nëmme wichteg fir den Ekosystem, se schützen och d'Küste viru Stierm an Iwwerschwemmungen. Awer de Klimawandel bewierkt, datt d'Riffer ganz rapid a masseweis stierwen. Fuerscher vu Florida mengen elo eng Solutioun fonnt ze hunn: Eng Arméi vun Honnertdausenden geziichte Krabben.
Méi genee soll de “Carribean King Crab” Hand uleeën.
Koralleriffer bidden net nëmme wäertvolle Liewensraum fir bis zu engem Véierel Liewewiesen, déi an den Ozeaner liewen, mee se sinn och vital fir de Mënsch.
Eent vun de gréisste Koralleriffer vun der Welt läit virun de sougenannte Florida Keys, der Inselgrupp am Süde vum US-Bundesstaat. D’Atlantikwaasser vun de Keys gouf leschte Summer vun enger extreemer Hëtztwell getraff, domadder ass d’Temperatur vum Waasser bis op 39 Grad geklommen. D’Konsequenz dovunner war, datt 90 Prozent vun de Korallen ofgestuerwe sinn.
Elo frot Dir Iech bestëmmt, wéi Krabben hëllefe kënnen?
D’Äntwert läit ganz einfach bei der Krabben hirem Ernärungsplang. Krabben iessen nämlech Algen, enorm Quantitéiten dovunner. Generell gesi fillen Alge sech puddelwuel am waarme Waasser. Mee se stellen eng reell Gefor duer fir Korallen, well se hinnen den néidege Sauerstoff an och hire Liewensraum ewechhuelen.
Alge sinn deemno déi eenzeg Liewewiesen, déi vum Afloss, deen de Mënsch op Ekosystemer vun de Mierer huet, profitéieren. D’Ofwaasser an den Offall, déi d’Mënschen an d’Mierer leeden, si räich u Phosphor, engem ganz wichtegen Närstoff fir Algen. Dat wat also geschéie muss, ass d’Alge-Populatiounen auszebremsen.
An hei kommen d’Krabben an d’Spill. Keen anert Liewewiese frësst esouvill Alge wéi d’Crustacéen Et gouf iwwerdeems observéiert, datt a Regioune mat enger héijer Krabbe-Konzentratioun, jonk Koralle sech ausbreeden.
Den Angelo Spadaro vum College of the Florida Keys zu Key West an de Mark Butler vun der Florida International University zu Miami wëllen also hire Krabbeplang ëmsetzen. An hirem Laboratoire sollen 250.000 Krabben d’Joer geziicht ginn, fir se dann an den Ozeaner auszesetzen. Eng honnerte Krustendéieren si scho geschlüpft, 2024 sollen dës dann ufänke mat schaffen.
D’Fuerscher betounen, datt si keng Angscht hunn, datt d’Déiere sech onkontrolléiert reproduzéieren. Schliisslech gëtt et dës Aart schonn an de Florida Keys, an deemno hu Krabben elauter Predateuren. Aneschters gesot, d’Krabbe friessen zwar Algen, mee et ginn elauter aner Déieren, déi Krabben iessen.
Éier se ausgesat ginn, kréien d’Crustacéen awer en Training, schliisslech si se am Labo geziicht an hu keng Experienz um Terrain. Deemno hunn d’Fuerscher sech kreativ gewisen an hu mat Handpoppe grouss Fësch oder Tëntefësch simuléiert, fir de Krabben Angscht anzedreiwen a se op hir spéider Missioun ze preparéieren.
Iwweregens goufen d’Poppen iwwer e lokale Projet vu Kanner aus der Grondschoul gebastelt.
Vun 2024 u wäert een also an de Floriday Keys Arméie vu Krabbe gesinn, déi am Sënn vum Erhale vun eisem Ekosystem äifreg schaffen.