Radioen

On air

Notturno  |  Nicool - De Sonnden

play_arrow Live
arrow_back_ios

Song vum Dag

100komma7.lu / Song vum Dag

/ Jonah Yano - Concentrate

Jonah Yano - Concentrate

headphones

8 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Japan an Amerika mëschen hir Aflëss an der Musek vum Jonah Yano, deen urbanen R&B als Ausdrocksform, an Jazz als Instrumentatioun fir seng Musek gewielt huet. Dës Kombinatioun ergëtt dacks eng subtil Pop-Musek, déi een duuss empfänkt. Esou och um Yano senger neier Single, “Concentrate”, déi nees mat sengen heefege Kollaborateure Badbadnotgood produzéiert gouf.

Musek
Rock a Pop
mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Minnie Riperton - Les Fleurs

Et ass eng Tragedie, datt dëst risegt musikalescht Talent Minnie Riperton am Alter vun nëmmen 31 gestuerwen ass. An dat haut viru 45 Joer.
headphones

9 min

play_arrow

David Bowie - Space Oddity

Zeréck an d’Rockgeschicht, Joer 1969, also genee viru 55 Joer, mam spéidere brittesche Glamrock-Star David Bowie no der Verëffentlechung vu sengem Dancehall-inspiréierten Debutalbum.
headphones

9 min

play_arrow

The Staple Singers - I'll Take You There

Si war eng vun de Stëmme vun der Civil Rights Beweegung: Déi amerikanesch Sängerin Mavis Staples feiert haut hire 85. Gebuertsdag.
headphones

10 min

play_arrow

Barny Fletcher - Scotch of St. James

headphones

6 min

play_arrow

Esme Emerson - Fade Out

Wann et ëm Lidder maache geet, géife si sech ee Kapp deelen, esou den Emerson Lee Scott iwwer de musikaleschen Duo mat senger Schwëster Esme.
headphones

8 min

play_arrow

Honeyglaze - Cold Caller

„I just called to say I don‘t love you“: An der neier Single „Cold Caller“ vum Londoner Trio Honeyglaze geet et ëm d‘Elengsinn.
headphones

8 min

play_arrow

Valerie June - Friendschip

D’Valerie June kënnt vu Memphis am ass a ville Genren doheem, déi an der amerikanescher Traditioun leien, Folk, Blues, Gospel, Soul, Country, Appalachian a Bluegrass.
headphones

10 min

play_arrow

Chris Cohen - Night or Day

Ee Virgeschmaach op dem Chris Cohen säin neien Album “Paint A Room”
headphones

8 min

play_arrow

Wilco - Annihilation

Passend zur Joreszäit iwwerrascht déi amerikanesch Band Wilco mat der EP "Hot Sun Cool Shroud“, op där sech alles ëm de Summer dréit.

The Smashing Pumpkins - 1979

Veréiert an ëmstridden: Den Owend weien d‘Smashing Pumpkins de Luxexpo Open Air an. Nieft de Grunger ronderëm de Billy Corgan stinn och nach Interpol an Tuys op der Bün.
headphones

7 min

play_arrow

Fionn Regan - Islands

De Wellen nokucken, wéi se sech op der Plage entfalen … an dann e Liddche schreiwen. Esou ass et dem iresche Singer-Songwriter op Mallorca gaangen.
headphones

9 min

play_arrow

Rival Sons - Keep On Swinging

Si hunn de Blues-Rock erëm cool gemaach: De kalifornesche Quartett Rival Sons steet den Owend an engem ausverkaaften Atelier op der Bün.
headphones

8 min

play_arrow

Milton Nasciemento, Esperanza Spalding - Um Vento Passou (para Paul Simon)

Mat Ufank 80 ass déi musikalesch Karriär nach laang net eriwwer. Eng brasilianesch an eng amerikanesch Legend treffen openeen.
headphones

10 min

play_arrow

Emiliana Torrini - Black Lion Lane

Op hirem éischte Soloalbum an zéng Joer vertount déi islännesch Musekerin Emiliana Torrini d‘Liewensgeschicht vun der Geraldine Flower.
headphones

6 min

play_arrow

Morcheeba - Otherwise

Si sinn nëmmen ee vun de villen Acts, déi e Sonndeg, den 23. Juni am Kader vum City Sounds um Glacis zu Gaascht sinn: d‘Trip-Hop-Veterane vu Morcheeba.
headphones

8 min

play_arrow

Joe Goddard - Follow You

Mat engem Virgeschmaach op säin neien Album “Harmonics” rappt de Joe Goddart d’Nolauschterer mat an eng Welt tëschent Dag an Nuecht.
headphones

7 min

play_arrow

Tindersticks - Nancy

D’Lidd vum Mann, deen eppes falsch gemaach huet a seng beleidegt Liibhaberin ëm Verzeiung ubiedelt, ass ëm eng Variatioun méi räich mat den Tindersticks hirer neier Single “Nancy”.
headphones

8 min

play_arrow

Cola - Nice Try

Um Album “The Gloss” beschränkt sech d‘Produktiounsaarbecht dorop, den Trio esou anzefänken, wéi en am Beschte kléngt: an engem Raum, zesummen am Moment.
headphones

6 min

play_arrow

Louis Cole, Metropole Orkest and Jules Buckley - Things Will Fall Apart

Dacks kënnt et vir, datt Museker, déi Unerkennung kréien, sech iergendwann un den Orchester eruwoe wëllen. Interessant, datt et beim Louis Cole genee deen anere Wee goung.
headphones

9 min

play_arrow

Ada Oda - Un amore debole

Déi belsch Formatioun, déi energesche Post-Punk mat italieeneschen Texter kombinéiert, ass nëmmen ee vu villen Acts, déi an den nächsten Deeg am Kader vun der Fête de la Musique op der Bün stinn.
headphones

9 min

play_arrow