Kultur
/ “Gossip - Matters hard to grasp”: Motto vun der Saar-Lux-Kënschtler:inne-Residenz Artmix 2024
“Gossip - Matters hard to grasp”: Motto vun der Saar-Lux-Kënschtler:inne-Residenz Artmix 2024
21 min
Viru knapps 20 Joer gouf, vu Lëtzebuerg a Saarbrécken, de grenziwwerschreidende Kënschtler:innen-Austausch Artmix lancéiert. Fir déi 12. Editioun huet e Jury Noé Deboutay vu Lëtzebuerg an d’Darja Linder vu Saarbrécken ausgewielt, déi da selwer och nach emol 2 Kënschtler:innen invitéiert hunn. Den Artmix-Quartett war dunn am Dezember 2023 am Neimënster, am Mäerz 2024 an der Saarbrécker Stadtgalerie “en résidence”. Iwwer d’Ambiance bei der kënschtlerescher Aarbecht hate mir schonn e Reportage gesent; Dir fannt en op eisem Site 100komma7.lu. Well a béide Stied awer och nach Artmix-Ausstellunge gewise ginn, wollt d’Kerstin Thalau nach méi zu den Exponate gewuer ginn. Hei, an engem éischten Deel, vum Duo Noé Deboutay a Sophia Lökenhoff am Cercle Cité.