Eise Song vum Dag kënnt vun der hipper Londoner Band Goat Girl, déi de 7. Juni hir drëtt Plack erausbréngen. De Marc Clement liest haut d‘Virzeechen a lauschtert an hie nei Single "motorway“ eran.
“motorway,” ass spaceg an hypnotesch an erzielt vum laange Fueren op der Strooss, eng liicht futti, Fantasie-baséiert Versioun vun enger Zäit op der Autobunn.