arrow_back_ios
Den Hallwer Néng
Gëtt et den Äppel ze waarm?
headphones
23 min
Lauschteren
play_arrow

Zu Lëtzebuerg sinn den Ament eng 150 verschidden Äppelsorten lokaliséiert. An de Supermarchéën kann een awer nëmme ganz wéineg Sorte kafen. Fir eis géint déi klimatesch Ännerunge gutt ze wappnen, ass et wichteg, datt mer e grousse Pool u geneteschem Material erhalen a schützen.
Politik a Gesellschaft
mic_none
Presentateur
- Tessy Steffen Koenig
Episoden
Wat ass e Burnout parental a wéi kann engem gehollef ginn?
Wann d’Kanner-Erzéiung nieft der Aarbecht, dem Rescht vum Stot an der Fräizäit een ze vill grousse Stressfacteur gëtt, da schwätzt ee vu Burnout parental. D'Tania Hemmer vun der Eltereschoul kläert op.

En Dram aus Schockela
Invitée ass d'Monique Kunert, déi e klenge Schockelasbuttek huet.

Naturschutz als ekonomeschen Deel vun der Landwirtschaft?
D'Landwirtschaft haut ass ee vun den Haaptgrënn fir de Réckgang vun der Biodiversitéit. Vill Bauere kënnen a wëllen dat änneren. Wéi kann Naturschutz sech monetär fir si lounen?

Wat dreift eng Persoun un als Krichsreporter ze schaffen?
Hie wier a säi Beruff "eragerutscht", seet de Max Zander. Zanter leschtem Dezember ass hie reegelméisseg an der Ukrain, fir vun der Plaz iwwer de Krich ze berichten.

Chrëschtdag an Demenz
Invitée ass Christine Mathonet, Chargée de Direction vum Info-Zenter Demenz.

Den Duerfkär mat Liewe fëllen
D'Geschicht vum Kinoler wier selwer schonn e Film wäert. Viru gutt zéng Joer ass d'Iddi fir e klenge regionale Kino zu Koler entstanen. De Weekend feiert e säi fënneften Anniversaire. De Marc Barnig erzielt.

Wéi kann ech mäin Doheem virun Abréch schützen?
Et hannerléisst en ellent Gefill, wann eng friem Persoun an déi eege Wunneng agebrach ass. Wéi eng preventiv Mesurë kënnen hëllefen, fir sech virun Abréch ze schützen? Dat verréit den Tim Pauly vun der Police.

Eng Joreszäit, déi op d'Gemitt schléit
De Wiessel an déi éischter gro a kal Joreszäit huet op vill Mënschen en zimmlechen Impakt. Invité ass de Psycholog a Psychotherapeut Sacha Bachim

Jérôme Merker
Invité ass de Lëtzebuerger Seegeler, deen dëst Joer bei der Mini-Transat, enger transatlantescher Seegelcourse vun zwou Etappen, participéiert huet.

100,7 Kannerradionuecht
Vu 7 Auer un, fënnef Stonne Kannerradiosprogramm zum Theema Wëssenschaft, Erfindungen a Robotere mat Geschichten, Experimenter, Ausstellungen, mat Kannerreporter an och engem ganz geckegen Professer ...

Kënschtlech Intelligenz: Wat mécht Konscht zur Konscht?
Mat nëmmen e puer Stéchwierder an engem Klick e Bild generéieren - ass dat Konscht? D'Kënschtlerin Irina Moons an de Misch Strotz, CEO vun der Lëtzebuerger Plattform LëtzAI diskutéieren zesummen.

Wéi kann ech mäin Doheem virun Iwwerschwemmunge schützen?
An deene leschten Deeg a Wochen huet et vill gereent an d'Flëss an d'Baache si gutt gefëllt. Wat kann ee maachen, wann een an engem Gebitt wunnt, wou de Risk vun Iwwerschwemmungen héich ass?

Iessen: E banalen Akt, deen eist Liewe beaflosst
De Mënsch ass dat eenzegt Liewewiesen, dat Agrikultur an Ziichtung bedreift a säin Iessen net just einfach aus der Natur hëlt. An der Expo "All you can eat" am Lëtzebuerg City Musée geet et ëm de Mënsch a seng Ernärung.

Chrëschtdagsbeliichtung: D'Dosis mécht d'Gëft
Et gëtt ëmmer méi hell a faarweg dobaussen dekoréiert mat Konsequenze fir d'Natur - an de Fridden an der Noperschaft. Op wat kann een oppassen? Den Daniel Gliedner gëtt Rotschléi.

Op de Spuere vun de Minnenaarbechter
Wéi waren d'Aarbechtskonditiounen an der Schiferminn a wéi gouf de Schifer ofgebaut? D'Guide Dany Schmitz gëtt op enger klenger Visite guidée Erklärungen.

Jurassic Lëtzebuerg: Wat Fossilien eis iwwer d'Vergaangenheet verroden
Wéi kéinten Dinosaurier ausgesinn hunn, a wéi waren d’Liewensbedéngunge virun 180 Millioune Joer hei zu Lëtzebuerg? Op déi Froe ginn d'Paleontologen Dr. Léa Numberger-Thuy an den Dr. Ben Thuy Äntwerten.

D’Geschicht vun der Bofferdings-Brauerei
De Paul Bofferding, deen d’Geschécker vun der Brauerei wärend laange Jore (mat-)geleet huet, erënnert sech am neie Buch “Les Bofferding. Brasseurs à Bascharage.”

Rout Lëns, déi kleng Schwëster vu Belval a Metzeschmelz
Anescht wéi déi zwou aner Industriebroochen, gëtt d’Lentille Terres Rouges net vun engem semi-staatlechen, mee vun engem privaten Acteur entwéckelt.

D'Kanner sinn déi onschëlleg Affer vun de Konflikter
Invité ass de Paul Heber, Responsabele fir d’Communication bei UNICEF Lëtzebuerg

Genuch Energie fir de Wanter?
E Gespréich iwwer Gas a Stroum: Disponibilitéit, Präis, Spuerméiglechkeeten. Invité: Claude Simon, Enovos Letzebuerg

Zéng Bicher vu Jonke fir Kanner a 24 Stonnen
Um éischte Bookathon hunn 30 jonk Kreativer zéng Kannerbicher bannent 24 Stonne gestalt. Wéi wichteg ass d'Liesen an d'Virliese fir kleng Kanner? Dorobber gëtt d'Dr. Simone Mortini vum SNJ Äntwerten.

Wéi e Stellewäert hu Wiederprognosen hautesdaags?
All Joer ginn nei Temperaturrekorder gebrach, an et ginn ëmmer méi Wiederextreemer. Wéi blécke Meteorologen op d'Wiederprognosen a wéi soll medial doriwwer bericht ginn? De Luca Mathias vu Meteolux ass Invité.

Wat bedeit et, héichbegaabt ze sinn?
De Kompetenzzenter fir Kanner a Jugendlecher mat héijem Potenzial beréit a begleet Kanner a Jugendlecher mat Héichbegabung, hir Elteren an d'Léierpersonal.

Geliefte Geschichten aus der Regioun festhalen
"Oral History" hëlleft dobäi, d'Geschichtsfuerschung mat perséinleche Erfahrungen, Fotoen an ënnerschiddleche Persapektiven ze ergänzen.

De Seegler Jérôme Merker: Eemol queesch iwwert den Atlantik seegelen
Fir de Lëtzebuerger Seegler Jérôme Merker ass d’Seegele méi wéi just nëmmen en Hobby. Fir hien ass d’Seegelen eng Passioun.

"Blëtz" ASBL
Den Hiereschlag ass eng Krankheet an ee Krankheetsbild, dat meeschtens onerwaart a ganz akut optrëtt. Mënschen, déi een Hiereschlag kruten, mussen dacks duerno méintelaang, wann net jorelaan

De Circuit Mansfeld
De Wanderwee vum Grof Mansfeld ass laang Zäit a Vergiessenheet geroden. D’Iwwerreschter vu sengem Schlass mam Numm “La Fontaine” sinn awer vu grousser Bedeitung - och international. Haut um

ADHS bei erwuessene Fraen
Hyperaktivitéit, Impulsivitéit a Verdreemtheet oder d’Versenken a gedanklechem Chaos: dat sinn dräi Krittären, bei deenen een eng ADHS-Diagnos stelle kann, jee nodeem wéi ausgepräägt dës Kri

Champignone sammelen - Op wat muss een oppassen?
D'Saison fir Champignonen ze sammelen ass jo nach net eriwwer, dat hunn de Jerry Thorn an de Mike Clemens vum Groupe de Recherche Mycologique de Mueren hei op der Antenn gesot. Fir gutt ze w
