Genuddels a Gejiips
Gerald Clayton Trio
60 min
De Gerald Clayton huet sech en Numm gemaach als verséierte Pianist, deen Traditioun a Modern matenee verbënnt. De Fils vum Kontrabassist John Clayton spillt nämlech anescht wéi verschiddener vu senge Kolleegen och nach gäre Swing, et héiert een net nëmmen Hip-Hop a Groove, mee eng exquisit Mëschung tëschent Original-Kompositiounen a schéine Standarden. Ee ganz suaven Touché komplettéiere säi Spill, dat hien hei am Trio mam Joe Sanders a Gregory Hutchinson an Toppform presentéiert, live vum Inntöne Festival Jazz am Bauernhof zu Diersbach.
Presentéiert vum Pol Belardi.
Presentéiert vum
- Pol Belardi