Radioen

On air

Notturno  |  Damien Jurado - Taped In Front Of A Live Studio Audience

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sample vun der Woch

search / Sample vun der Woch

/ Gal Costa - Pontos De Luz

Gal Costa - Pontos De Luz

headphones

7 min

Lauschteren play_arrow

D’Gal Costa ass eng ikonesch brasilianesch Sängerin. Si ass gebuer de 26. September 1945 zu Salvador, Brasilien. Si huet mat hirer Villsäitegkeet, hirer musikalesch Energie an hirem Engagement international Unerkennung erreecht.


D’Gal Costa huet schonn an hire jonke Joren hir musikalesch Fäegkeeten entwéckelt. Si huet mat brasilianescher Volleksmusek ugefaangen an huet sech ënner anerem mat Bossa Nova beschäftegt. Si huet mat hirer Stëmm a hiren Interpretatiounen déi brasilianesch Kultur a Gefiller mat enger grousser Intensitéit ausgedréckt.


1969 huet d’Gal Costa hiren Debutalbum mam selwechten Numm erausbruecht an huet séier internationalen Erfolleg gefeiert. Hir éischt gréisser Hitsingle war "Baby”. Hir Stëmm war onverkennbar, mat engem Hauch vu Sënnlechkeet an Emotiounen.


D’Gal Costa huet mat verschiddene brasilianesche Kënschtler kollaboréiert wéi zum Beispill de Gilberto Gil, a si huet hire Sound mat neie musikalesche Elementer beräichert. Hir Stilpallett geet vu Samba bis zu Rock an Pop an huet sech dauernd erneiert. Si huet mat hirer musikalescher Kreativitéit an hirer Interpretatiounsdynamik déi brasilianesch Musekszeen beräichert.


Niewent hirem musikaleschen Talent huet d’Gal Costa och fir hire politeschen Aktivismus Unerkennung fonnt. Si huet sech fir sozial Gerechtegkeet a Fraerechter agesat an huet hir musikalesch Plattform genotzt, fir op gesellschaftlech Problemer opmierksam ze maachen.


Si ass leider den 9. November 2022 gestuerwen, mee si bleift eng Legend an der brasilianescher Musek, déi mat hirem Talent, hirer Stëmm an hirem Engagement erausgestach huet. Si huet nei Standarden an der brasilianescher Musek gesat an ass eng Inspiratioun fir vill aner Kënschtler. Hir Musek bleift eng Quell vu Begeeschterung a Emotioune fir d'Musekslibhaber op der ganzer Welt.


Den Titel "Pontos De Luz" bedeit “Lichtpunkt”, an dëst kann als e Symbol vun Hoffnung a Liewensfreed interpretéiert ginn. D'Lidd ass bekannt fir seng optimistesch Texter a seng frësch Melodien, déi eng positiv Stëmmung verstréimen. Dee villsäitege Produzent Kaytranada huet si 2016 gesampelt fir säi “Lite Spots” doraus ze maachen. Dat war op sengem Album “99,9%”.

Mee de Madlib hat de Sample scho virdrun entdeckt. Hien huet 2010 “Salvador” doraus gemaach.

Episoden

Jack Wilkins - Red Clay

Den Jack Wilkins ass en amerikaneschen Jazz-Gittarist, dee fir eng aussergewéinlech Technik bekannt ass. Hien huet eng laang a produktiv Karriär a gouf ënner anerem vun A Tribe Called Quest gesampelt.
headphones

9 min

play_arrow

Idris Muhammad - Crab Apple

Deen amerikanesche Jazz- a Funk-Batteur ass besonnesch bekannt fir seng innovativ Spillweis a gouf vum Notorious BIG gesampelt.
headphones

11 min

play_arrow

Herb Alpert - Rise

Deen amerikaneschen Trompettist, Komponist a Museksproduzent huet mam Jerry Moss d'Plackefirma A&M Records gegrënnt. Seng Musek huet dozou bäigedroen ee vun de gréissten Hits am Rap ze produzéieren.
headphones

12 min

play_arrow

Gwen McCrae - 90% Of Me Is You

Eng amerikanesch Soul- a Funk-Sängerin, déi besonnesch an den 1970er Jore groussen Erfolleg hat. Hir kräfteg Stëmm an hir leidenschaftlech Interpretatiounen hu si bei Hiphop-Produzente ganz beléift gemaach.
headphones

8 min

play_arrow

Grant Green - Down Here on the Ground

Deen amerikanesche Jazz-Gittarist ass besonnesch fir seng Aarbecht am Hard Bop, Soul Jazz a Bebop bekannt. Seng Fusioun vun den Elementer hunn hien zu enger beléifter Sample-Quell gemaach.
headphones

11 min

play_arrow

Grace Jones - My Jamaican Guy

Déi jamaikanesch-amerikanesch Sängerin, Schauspillerin, Model a Performance-Kënschtlerin ass bekannt fir hir eenzegaarteg Stëmm, extravagant Bünenoptrëtter an hir faszinéierend Perséinlechkeet.
headphones

10 min

play_arrow

Gladys Knight and The Pips - The Way We Were/Try to Remember

Gladys Knight and The Pips ass eng amerikanesch Soul- a R&B-Grupp, déi besonnesch an den 1960er an 1970er Jore groussen Erfolleg hat. Dës Motown-Band gouf erfollegräich am Nonzeger-Joren-Hiphop gesampelt.
headphones

9 min

play_arrow

Gene Chandler - Duke Of Earl

Deen amerikanesche Sänger, Songwriter a Museksproduzent ass am meeschte bekannt fir säi Lidd "Duke of Earl" . Säi Lidd leet de Grondstee fir der Cypress Hill hiren Hit "Hand on the Pumpgun".
headphones

6 min

play_arrow

Galt MacDermot - Space

E kanadesch-amerikanesche Komponist, Pianist a Museker, besonnesch bekannt fir seng Aarbecht am Musical "Hair", mee hien huet gläichzäiteg zu engem vun de gréissten Hits vum Busta Rhymes bäigedroen.
headphones

7 min

play_arrow

Fred Wesley and The J.B.'s - Blow Your Head

Eng legendär Funkband, déi an den 1970er gegrënnt gouf. Si waren en Deel vun der grousser James-Brown-Musekfamill a goufen dacks am Hip-hop gesampelt.
headphones

9 min

play_arrow

headphones

11 min

play_arrow

Donny Hathaway - Jealous Guy

Den Donny Hathaway war en amerikanesche Soul-Sänger, Pianist, Komponist a Produzent, dee seng Lidder passionéiert interpretéiert huet. Seng Samples hunn et bis an de Laptop vum Kanye West gepackt.
headphones

8 min

play_arrow

Dizzy Gillespie - Matrix

Den Dizzy Gillespie war en amerikanesche Jazz-Trompettist, Bandleader, Komponist a Sänger. Hien ass bekannt als ee vun de Pionéier vum Bebop a war ganz beléift bei verschiddenen Hiphop-Produzenten.
headphones

8 min

play_arrow

Cymande - The Message

Eng brittesch Funk- a Soulband, bekannt fir hir eenzegaarteg Mëschung aus Funk, Soul, Reggae, Jazz an afrikanescher Musek. Hir Musek gouf dacks gesampelt, dat bekanntst Beispill kënnt vun engem Rapper vu Paräis.
headphones

84 min

play_arrow

Chic - Soup For One

Chic ass eng amerikanesch Disco- a Funk-Band mat groussen Afloss op d'Musekszeen vun de spéiden 1970er a fréien 1980er Joren. Hir Musek gouf dacks gesampelt, an huet et bis an déi franséisch House-Zeen gepackt.
headphones

4 min

play_arrow

Camille Yarbrough - Take Yo' Praise

D‘Camille Yarbrough ass eng amerikanesch Sängerin, Schrëftstellerin, Schauspillerin a Biergerrechtsaktivistin. Hiren Afloss ass duerch de Sampling nach hautdesdaags ze spieren.
headphones

9 min

play_arrow

Brian Bennett - Solstice

De Brian Bennett ass en englesche Batteur, Pianist, Komponist a Produzent. Nieft senger Roll an de Shadows war hien e ganz produktive Kënschtler, dee ganz beléift bei alle Beatmaker ass.
headphones

9 min

play_arrow

Bobby Womack - How Could You Break My Heart

Deen amerikanesche Sänger, Songwriter, a Gittarist ass bekannt fir seng Bäiträg zu Soul, R&B, a Gospelmusek. Seng Samples si besonnesch beléift am Hiphop an R'n'B.
headphones

84 min

play_arrow

Bob James - Shamboozie

Deen amerikanesche Jazzpianist, Arrangeur a Komponist ass besonnesch bekannt fir seng Roll am Smooth Jazz-Genre an ass zanter bal 5 Joerzéngten aktiv. Hien ass e Favorit bei allen Hiphop-Produzenten.
headphones

81 min

play_arrow

Billy Garner - I Got Some

Hien ass warscheinlech am meeschte bekannt fir seng Single "I Got Some" aus dem Joer 1970, déi och vill am Hiphop gesampelt gouf. gesampelt gou
headphones

7 min

play_arrow