arrow_back_ios
Klassik Aktuell
Fuego del Tango
“Fuego del Tango” - de Lëtzebuerger Quintett gouf 2021 am Kader vum Centenaire vum Astor Piazzolla sengem Gebuertsdag gegrënnt. Déi fënnef Museker:innen hunn eng grouss Passioun fir d’Musek vum argentinesche Komponist a Meeschter vum Tango.
Op hirem éischte Concert an der Philharmonie dëse Sonndeg (10.12.) stinn 13 Stécker vum Piazzolla um Programm, manner bekannt Musek an och Filmmusek. D’Marie Schockmel huet sech mam Bandoneonist Daniel Gruselle a Gittarist Miguel Gruselle, Papp a Jong, ënnerhalen.
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Schockmel