Sequenza: Black Classical Music
Florence Price
8 min
D'Florence Price war déi éischt afroamerikanesch Komponistin, där hir Sinfonië vu groussen amerikaneschen Orchesteren opgeféiert goufen. An awer muss si géint d'Konsequenze vun der Rassentrennung kämpfen. Si däerf an hirer Heemecht Arkansas als Schwaarz Fra kee Geld verdéngen, hir kleng Duechter gëtt bal vun engem Mob gelyncht. Si muss virun der toxescher Männlechkeet vun hirem Mann flüchten, dee si bal zu doutgeschloen huet. All déi Saachen, zousätzlech zur Aarmut an där si gelieft huet, hu si hiert Liewe laang begleet. D'Maria Gutierrez ass der Meenung, déi Fra misst ee bewonneren.
Presentéiert vum
- Maria Guterrez
Episoden
Leontyne Price
Déi éischt Schwaarz Primadonna, déi hartnäckeg, awer och mat engem gewëssen Humor géint d'Rassendiskriminéierung kämpft.
Grace Bumbry
Eng vun den éischten an och berüümtesten afro-amerikanesch Operesängerinnen
Angel Blue
Eng Engelsstëmm an der Operewelt
Roderick Cox
Wat huet Tennisspille mat klassescher Musek ze dinn?
Wynton Marsalis
Den Trompetist huet Grammyen an der Kategorie Jazz, mee och an der Klassik gewonnen.
Branford Marsalis
De Jong vum Ellis a Bruder vum Wynton Marsalis erzielt op sengem Saxophon Geschichten.
Abel Selaocoe
De jonken Cellist verzaubert d'Klassikwelt.
Ashleigh Gordon
Eng Braatschistin an Aktivistin aus den USA
Isata Kanneh-Mason
Eng Pianistin mat enger Passioun fir all Zorte vu Musek
Politesch denken, musikalesch Handelen
Esou schafft de jonken amerikanesche Geiist Randall Goosby
De Sheku-Effekt
“Dat kéint ech sinn“ hu sech vill jonk Museker:innen geduecht, nodeems si de Sheku Kanneh-Mason op der Hochzäit vum Prënz Harry gesinn hu spillen.
Chi-Chi Nwanoku
Iwwer de Wee un der eenzeger Schwaarzer Musekerin an engem engleschen Orchester zur Grënnerin vum Chineke! Orchestra
- 1
- 2