Radioen

On air

Notturno  |  Little Kid - Something To Say

play_arrow Live
arrow_back_ios

Europa Aktuell

100komma7.lu / Europa Aktuell

/ Europaparlament: Éischt Reunioune vun de Fraktiounen

Europaparlament: Éischt Reunioune vun de Fraktiounen

headphones

5 min

Lauschteren play_arrow

Am Europaparlament forméiere sech no den Europawalen déi politesch Gruppen an d’Gespréicher iwwer méiglech Koalitioune fänken esou lues un. D’Europäesch Vollekspartei erhieft dee kloren Usproch, datt hir Spëtzekandidatin, d’Ursula von der Leyen un der Spëtzt vun der Europäescher Kommissioun bleift.
Éischt Reunioune vun de politesche Fraktioune weisen, datt d’Majoritéit am Parlament nach net prett ass, sech hanner déi däitsch CDU-Politikerin ze stellen. Eng zentral Fuerderung ass, d’EVP misst fir d’éischt méi kloer no riets ofgrenzen. D’EVP awer seet, déi aner wieren elo um Zuch. D’Fro ass, wéi dee Knuet elo kann opgeléist ginn. D’Danièle Weber huet ënner anerem bei de Lëtzebuerger Europadeputéiert, déi lues a lues zu Bréissel ukommen, nogefrot.

Politik a Gesellschaft
Europa
mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Portugal: Rietspartei Chega setzt Migratioun als Walkampftheema Nummer 1 | © picture alliance / NurPhoto | Nuno Cruz

Portugal: Rietspartei Chega setzt Migratioun als Walkampftheema Nummer 1

A Portugal ass op eemol d‘Migratioun een Haapttheema am Walkampf fir d'Europawalen. Dat läit virun allem un der riets-extreemer Partei Chega.
headphones

4 min

play_arrow
Wiele vu 16 Joer un: Eng Première an der Belsch

Wiele vu 16 Joer un: Eng Première an der Belsch

Bei eisen Noperen an der Belsch an an Däitschland dierfen e Sonndeg bei den Europawalen fir d'éischte Kéier Jonker vu 16 Joer u wiele goen. Wéi kënnt dat un?
headphones

4 min

play_arrow
Leschte Walowend mam Marine Le Pen a Jordan Bardella | © picture alliance / NurPhoto | Artur Widak

Leschte Walowend mam Marine Le Pen a Jordan Bardella

D'Spëtzevertrieder vun deenen, déi de Sondagen no virleien, d'Marine Le Pen an de Jordan Bardella, sinn zu Paräis virun den Unhänger vum Rassemblement National opgetrueden.
headphones

4 min

play_arrow

Walcampagne an der EU: Ënnerschiddlech Theemen an Interêt

De Walkampf an der EU: Journaliste-Kolleegen a Kolleginnen schwätzen iwwer den Oflaf vun der Campagne an hirem Land.
headphones

5 min

play_arrow
Ee Walowend mam Raphaël Glucksmann

Ee Walowend mam Raphaël Glucksmann

Dem Spëtzekandidat vun de franséische Sozialisten, de Raphaël Glucksmann, kéint den Duerchbroch bei den Europawale gelengen. Zu Paräis krut hien Ennerstëtzung vum Nicolas Schmit.
headphones

4 min

play_arrow

Walcampagne an der EU: Ënnerschiddlech Theemen an Interêt

De Walkampf an der EU: Journaliste-Kolleegen a Kolleginnen schwätzen iwwer den Oflaf vun der Campagne an hirem Land.
headphones

5 min

play_arrow
Ungarn blockéiert Ukrain-Hëllef | © picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou

Ungarn blockéiert Ukrain-Hëllef

Ungarn ass dat eenzegt EU-Land, wat bis elo net d'accord ass, der Ukrain weider Hëllefen zoukommen ze loossen. Déi aner EU-Länner kënne net vill dogéint machen.
headphones

4 min

play_arrow
EU an Unerkennung vun engem palästinensesche Staat

EU an Unerkennung vun engem palästinensesche Staat

D’Situatioun am Noen Oste war op en Neits ee vun de Sujeten gëschter bei der Reunioun vun den Ausseministere vun de 27 EU-Länner.
headphones

4 min

play_arrow
Frankräich: Wat mécht den Rassemblement National a Frankräich esou staark?

Frankräich: Wat mécht den Rassemblement National a Frankräich esou staark?

Leschten Donneschdeg stounge sech den RN-Spëtzekandidat Jordan Bardella an de Premierminister Gabriel Attal an engem Televisiounsdebat géigeniwwer an hunn hir Visioune fir Europa verdeedegt.
headphones

4 min

play_arrow

EU - net nëmmen eng Saach vun der Definitioun

D’EU ass net konkret genuch, si ass schwéier ze paken ze kréien an hir politesch Vertrieder nach méi – déi Kritik ass dacks ze héieren, och am Virfeld vun den Europawalen a gutt zwou Wochen.
headphones

5 min

play_arrow
Wéi hu Schüler:innen den Debat vun de Spëtzekandidaten erlieft?

Wéi hu Schüler:innen den Debat vun de Spëtzekandidaten erlieft?

Wéi hu Schüler:innen den Debat vun de Spëtzekandidaten erlieft?
headphones

5 min

play_arrow
Rietsruck am Europaparlament: Wat ass ze erwaarden? | © European Union

Rietsruck am Europaparlament: Wat ass ze erwaarden?

Déi Riets a rietsextreem Parteie wäerte Sëtzer derbäi gewannen - dat soe Prognostike fir d‘Europawalen - déi grouss, etabléiert Parteien hu verschidde Strategien, fir dorop ze reagéieren.
headphones

6 min

play_arrow
Grouss Majoritéit vun EU-Memberlänner seet: Wëllkomm zeréck Polen | © picture alliance / NurPhoto | Jaap Arriens

Grouss Majoritéit vun EU-Memberlänner seet: Wëllkomm zeréck Polen

D'EU-Länner, mat der Ausnam vun Ungarn, sinn dofir d'Porzedur wéinst Verstéiss géint de Rechtsstaat géint Pole falenzeloossen.
headphones

4 min

play_arrow

Law and Order am Weltall

Déi nei "Space Race" ass voll amgaangen. Mee d'Weltall-Gesetzer sinn nach zimmlech onkloer. Bei den Efforte fir Weltall-Aktivitéite gesetzlech ze encadréieren, ass Lëtzebuerg ee Virreider.
headphones

5 min

play_arrow

China: Partner, Konkurrent a Rival fir Europa

Géintiwwer der presuméierter deloyaler Konkurrenz vu China versichen net nëmmen d'USA, mee och d'EU, sech ze wieren. Ob a wéi dat geléngt, kommentéiert den Olivier Hanrion vun der belscher RTBF.
headphones

4 min

play_arrow
EIB kéint d'Dier opmaache fir de Finazement vun Atom-Projeten | © picture alliance / BeckerBredel

EIB kéint d'Dier opmaache fir de Finazement vun Atom-Projeten

Lëtzebuerg muss sech zu engem Strategiepabeier positionéieren, wou et ëm de Finanzement vun Atomprojete vun der Europäesch Investitiounsbank geet.
headphones

5 min

play_arrow
Ëffentlech Konferenz iwwer den europäesche Sockel vun de soziale Rechter

Ëffentlech Konferenz iwwer den europäesche Sockel vun de soziale Rechter

Den europäesche Sockel vun de soziale Rechter huet Fortschrëtter bruecht, mee et stelle sech och nach esou munch Erausfuederunge fir déi no Zukunft.
headphones

4 min

play_arrow
Handyverbuet fir Kanner? | ©  John Schnobrich / Unsplash

Handyverbuet fir Kanner?

Vu wéini un dierfe /solle Kanner een Handy oder eng Tablett an de Grapp kréien? Frankräich wëll do kloer Reegelen aféieren - wat ass zu Lëtzebuerg geplangt?
headphones

4 min

play_arrow
Claude Meisch nach ëmmer dofir, de Walalter op 16 erofzesetzen | © picture alliance / ZB | Sascha Steinach

Claude Meisch nach ëmmer dofir, de Walalter op 16 erofzesetzen

A fënnef EU-Lànner dierf ee schon vu 16 oder 17 un bei den Europawahlen seng Stëmm ofginn. Net zu Lëtzebuerg, obschonn den Edukatiounsminister dofir ass.
headphones

4 min

play_arrow
Walen a Katalounien: Separatiste verléiere fir d'éischte Kéier zanter 1980

Walen a Katalounien: Separatiste verléiere fir d'éischte Kéier zanter 1980

D'Regionalwahlen a Katalounien a Spuenen - ee Vott, deen och als Test fir d'Europwalen an engem Mount gëllt.
headphones

3 min

play_arrow