arrow_back_ios
Europa Aktuell
Euro7-Normen fir Autoen: D'Europaparlament huet tranchéiert
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
D‘Automobilsindustrie soll dozou bäidroen, datt d‘Qualitéit vun der Loft, déi mir ootmen besser gëtt – an deems Autoen produzéiert ginn, déi manner schiedlech Ofgaser erausblosen. Ma d‘EU deet sech schwéier domat.
Enn September haten d‘Memberlänner hir Positioun zu „Euro7-Normen“ festgeluecht. Lëtzebuerg war domat net zefridden an hat op d‘Europaparlament gehofft, fir datt um Enn awer nach méi streng Normen fixéiert ginn. Déi Hoffnung dierft awer wuel net an Erfëllung goen.
Politik a Gesellschaft
Europa