Biotop
Euro BirdWatchday
16 min
![on the headlines](https://100komma7.lu/1_Foto/100komma7.lu/Birdwatch%20Day.jpg)
All Joer am Fréijoer an am Hierscht gi mir Zeie vun engem Naturwonner: de Vullenzuch. Do maache sech Millioune vu groussen awer och klenge Vullen op d’Rees, déi leider net ganz ongeféierlech ass. Méi, wéi 60 Prozent vun de Vullen iwwerliewen dës Rees nämlech net. D’Zuchvulle brauchen dofir eis Hëllef a sinn op geschützten Tankstellen, z. B. Fiichtgebidder ugewisen, op deene se Kraaft sammele kënnen.
Well et esou spannend ass dës Déiere bei hirer Rees ze beobachten huet BirdLife International 1993 den Euro Birdwatch Day an d’Liewe geruff. Deemools wéi och haut war d’Zil op dësem Weekend, d’Ëffentlechkeet iwwer de Vullenzuch souwéi de Schutz vun de Liewensraim, de Bruttgebidder, awer och iwwer Raschtplazen a Flugrouten ze sensibiliséieren. Et huelen insgesamt 40 europäesch sowéi zentralasiatesch Staaten drun deel. All Beobachtunge ginn notéiert an all Vull gezielt. Duerno ginn d'Resultater um Euro Birdwatchsite bekannt, woubäi allkéiers déi dräi heefegst Aarten ervirgehuewe ginn. Erklärunge mat der Birgit Jacoby vun natur&ëmwelt.
De Programm:
- Samschdes 30.09. vun 8.30 Auer un am Haff Réimech (Biodiversum), do gëtt en Hüttentour organiséiert mat themateschen Atelieren an Erklärungen zum Vullenzuch.
- Sonndes 01.10. vun 9.00 Auer un op der Schlammwiss zu Uewersyren kritt een eng Visitt vum Naturschutzgebitt an der Beréngungsstatioun
- Sonndes 01.10. vun 9.00 Auer un zu Wëntger kann een d’Zuchvulle bei de Weiere beobachten
Presentéiert vum
- Angie Maquil
Episoden
Nohalteg Ernärung - wat kann de Konsument maachen?
Argentinesche Bifdeck, Drauwen aus Indien an Tomaten aus Neuseeland - nohalteg akafe geet anescht. Mee wéi? E Gespréich mat der Ernärungssoziologin Rachel Reckinger
De Wollef zu Lëtzebuerg?
De Wollef ass zeréck zu Lëtzebuerg! Musse mir elo fäerten, wa mir nuets an de Bësch spadséiere ginn?
De Bësch vu muer
De Bësch ass wichteg fir d'Ëmwelt, leit awer och ënner dem Klimawandel. Mee wat kann ee maache fir de Bësch méi widderstandsfäeg ze maachen?
Och de Buedem muss geschützt ginn
D'Biedem sinn am Ëmweltschutz vläicht net ëmmer esou present, mee e gesonde Buedem ass wichteg fir de gudde Fonctionnement vun der Ëmwelt.
Erfarunge mat Photovoltaik
Wéi einfach oder schwiereg ass et eng Solaranlag op den eegenen Daach z'installéieren? U wat muss een do alles denken?
![on.perfekt](/legacy/images/30035/image-thumb__30035__base_thumbnail/Muerten.b4097f12.jpg)
on.perfekt
D'Kooperativ verkeeft a sengem Pop-Up Store zum Beispill Geméis, dat et opgrond vun der Optik net bis an de Supermarché packt.
Carboncounter a Verglach-Plattform
Wëllt ee sech haut fir en nohaltegen Auto entscheeden, ginn et online Hëllefe fir dës Decisioun. Änlech ass et beim Choix vun der Elektro-Borne.
Wat muss ee bei der Photovoltaik wëssen?
Deel vum nationalen Energie- a Klimaplang ass et, datt och Privatpersoune bei der erneierbarer Energie hëllefen. Mee wat muss een do wëssen?
Nohalteg Ernärung - wat kann de Konsument maachen?
Argentinesche Bifdeck, Drauwen aus Indien an Tomaten aus Neuseeland - nohalteg akafe geet anescht. Mee wéi? E Gespréich mat der Ernärungssoziologin Rachel Reckinger
Letz Talk about Klima
D'Koalitioun United for climate justice huet dës Initiativ an d'Liewe geruff, fir d'Klima-Thematik an den ëffentleche Raum ze bréngen.
De Problem mat der Saison
Wéini ass et un der Zäit, e bestëmmte Geméis oder Uebst ze kafen? Dat ass deelweis guer net esou offensichtlech, wéi een kéint mengen.
KreaVert
En INTERREG-Projet, vu fënnef Partner aus der Groussregioun, bei dem et drëms geet d'Stied méi gréng ze maachen.
![Greenwashing](/legacy/images/25031/image-thumb__25031__base_thumbnail/Euro-Sch%C3%A4iner%20un%20der%20W%C3%A4schl%C3%A9ngt.72e03394.jpg)