Biotop
Euro BirdWatchday
16 min
![on the headlines](https://100komma7.lu/1_Foto/100komma7.lu/Birdwatch%20Day.jpg)
All Joer am Fréijoer an am Hierscht gi mir Zeie vun engem Naturwonner: de Vullenzuch. Do maache sech Millioune vu groussen awer och klenge Vullen op d’Rees, déi leider net ganz ongeféierlech ass. Méi, wéi 60 Prozent vun de Vullen iwwerliewen dës Rees nämlech net. D’Zuchvulle brauchen dofir eis Hëllef a sinn op geschützten Tankstellen, z. B. Fiichtgebidder ugewisen, op deene se Kraaft sammele kënnen.
Well et esou spannend ass dës Déiere bei hirer Rees ze beobachten huet BirdLife International 1993 den Euro Birdwatch Day an d’Liewe geruff. Deemools wéi och haut war d’Zil op dësem Weekend, d’Ëffentlechkeet iwwer de Vullenzuch souwéi de Schutz vun de Liewensraim, de Bruttgebidder, awer och iwwer Raschtplazen a Flugrouten ze sensibiliséieren. Et huelen insgesamt 40 europäesch sowéi zentralasiatesch Staaten drun deel. All Beobachtunge ginn notéiert an all Vull gezielt. Duerno ginn d'Resultater um Euro Birdwatchsite bekannt, woubäi allkéiers déi dräi heefegst Aarten ervirgehuewe ginn. Erklärunge mat der Birgit Jacoby vun natur&ëmwelt.
De Programm:
- Samschdes 30.09. vun 8.30 Auer un am Haff Réimech (Biodiversum), do gëtt en Hüttentour organiséiert mat themateschen Atelieren an Erklärungen zum Vullenzuch.
- Sonndes 01.10. vun 9.00 Auer un op der Schlammwiss zu Uewersyren kritt een eng Visitt vum Naturschutzgebitt an der Beréngungsstatioun
- Sonndes 01.10. vun 9.00 Auer un zu Wëntger kann een d’Zuchvulle bei de Weiere beobachten
Presentéiert vum
- Angie Maquil
Episoden
Den Aarteschutz hei zu Lëtzebuerg
Wéi gesäit d'Situatioun hei am Land aus, si vill Déierenaarte bedrot, wat kann een dogéint maachen, a wat sinn d'Problemer, déi et an deem Beräich ginn?
Moukewanderung
Vu Mëtt Februar bis Mëtt Abrëll si Mouken an aner Amphibien ënnerwee, fir sech bei engem Gewässer fortzeplanzen.
Moukewanderung
Vu Mëtt Februar bis Mëtt Abrëll si Mouken an aner Amphibien ënnerwee, fir sech bei engem Gewässer fortzeplanzen.
![Global Flood Monitoring](/legacy/images/68218/image-thumb__68218__base_thumbnail/Global%20Flood%20Monitoring.61655036.jpg)
Global Flood Monitoring
An dësem europäesche Projet gëtt un engem Algorithmus geschafft, fir Iwwerschwemmungen op Satellitte-Biller ze erkennen.

![Earth Overshoot Day zu Lëtzebuerg](/legacy/images/67894/image-thumb__67894__base_thumbnail/Mouveco%20Earth%20Overshoot%20Day%202022.f4e61da6.jpg)
Earth Overshoot Day zu Lëtzebuerg
Zanter gëschter huet Lëtzebuerg säi Kont beim Planéit iwwerzunn - wéi muss ee sech dat virstellen?

![Pedagogesche Gaart Gaïa](/legacy/images/66859/image-thumb__66859__base_thumbnail/Pedagogesche%20Gaart%20Ga%C3%AFa.a79cd6d7.jpg)
Pedagogesche Gaart Gaïa
co-labor leet aktuell de Gaart zu Bartreng un a vun Abrëll u kënne Schoulklassen hei méi iwwer d'Geméis an d'Natur gewuer ginn.

![De Bam vum Joer](/legacy/images/66799/image-thumb__66799__base_thumbnail/Bich.06796419.jpg)
De Bam vum Joer
Dëst Joer ass de Choix op d'Bich gefall. Déi heefegst Bamaart hei am Land, déi de Moment awer vill ënner dem Klimawandel leit.

![Wat de Buedem verréit](/legacy/images/66652/image-thumb__66652__base_thumbnail/Andreas%20Fickers%284%29.849ad6c8.jpg)
Wat de Buedem verréit
En eenzegaartege Fuerschungsprojet ënnersicht déi historesch Ëmweltbelaaschtung duerch d'Lëtzebuerger Industrie.
![Wat de Buedem verréit](/legacy/images/66643/image-thumb__66643__base_thumbnail/Andreas%20Fickers%283%29.849ad6c8.jpg)
Wat de Buedem verréit
En eenzegaartege Fuerschungsprojet ënnersicht déi historesch Ëmweltbelaaschtung duerch d'Lëtzebuerger Industrie.
![Wäin aus dem Éislek](/legacy/images/25241/image-thumb__25241__base_thumbnail/W%C3%A4isse%20W%C3%A4in.ca62864d.jpg)
Wäin aus dem Éislek
Zanter 2018 huet de Mëllechbauer Marc Roeder Wéngerten zu Tandel. Mee och scho fréier gouf et do an der Géigend Wäibau.

![Permakultur](/legacy/images/23483/image-thumb__23483__base_thumbnail/Gaart%20schaffen.a8b1ec65.jpg)
Permakultur
Wéi e Gaart méi Natur- a manner Kulturlandschaft gëtt.
![Permakultur](/legacy/images/23483/image-thumb__23483__base_thumbnail/Gaart%20schaffen.a8b1ec65.jpg)
Permakultur
Wéi e Gaart méi Natur- a manner Kulturlandschaft gëtt.
Gutt Virsätz fir dat neit Joer
Klassiker sinn: méi Sport maachen oder mam Fëmmen ophalen, mee et kann ee sech och virhuelen, méi nohalteg ze liewen.
Gutt Virsätz fir dat neit Joer
Klassiker sinn: méi Sport maachen oder mam Fëmmen ophalen, mee et kann ee sech och virhuelen, méi nohalteg ze liewen.
![Nohalteg Ernärung - wat kann de Konsument maachen?](/legacy/images/65056/image-thumb__65056__base_thumbnail/Close%20up%20of%20human%20hands%20paying%20for%20groceries%20at%20green%20market.28880fc0.jpg)