Kultur
10 min
Muer ass déi offiziell Erëffnung vun "A Comparative Dialogue Act", dem Lëtzebuerger Pavillon op der 60. Konschtbiennale zu Venedeg, déi de politesch chargéierten Titel "Stranieri Ovunque", also "Strangers Everywhere" dréit. E Message vun Toleranz an donkelen Zäiten, deen och am multidisziplinären an internationale Lëtzebuerger Pavillon resonnéiert. Do kräizen sech nämlech d'Nationalitéiten a Konschtforme: Den Andrea Mancini, och nach als Cleveland bekannt, huet zesumme mam Kënschtlerkollektiv Every Island a mat der Mudam-Curatrice Joel Valabrega ee Pavillon konzipéiert, deen no an no vu véier Kënschtler:inne bespillt gëtt. Dofir ass "A Collective Dialogue Act" scho vum Konschtmagasinn "Frieze" schonn als ee vun de kuckenswäerte Pavillone gewielt ginn. De Jeff Schinker ass den Ablack zu Venedeg, huet de Pavillon an déi éischt Performance vun der Kënschtlerin Selin Davasse gesinn a sech mam Andrea Mancini an dem Kollektiv Every Island ënnerhalen.
Presentéiert vum
- Jeff Schinker