Schwéierpunkt vum Dag
/ Eng Woch Prozess Büro Valentiny géint v.a. Schengener Schäfferot
Eng Woch Prozess Büro Valentiny géint v.a. Schengener Schäfferot
5 min
E juristesche Sträit, dee Wonnen an der Muselgemeng nees opgerappt huet: De Prozess vum Büro Valentiny géint an der Haaptsaach de Schäfferot vun der Gemeng, d'lescht Woch, war net alldeeglech. Et gouf schwéier Reprochë vun där enger Säit géint déi aner: Dobäi huet een de Moment z. B. nach e Projet mateneen an der Ausaarbechtung. Wéi wäert an Zukunft mateneen ëmgaange ginn, kënnt een iwwerhaapt nach beieneen, wann den Architektebüro 50.000 € Schuedenersatz vun de véier Ugeklote freet? Dat sinn d'Froen, déi sech hanner dem Prozess stellen, dee souguer méi laang gedauert hat, wéi u sech virgesinn: Jiddweree wollt deemno seng Wourecht soen, a jiddwereen huet de Feeler beim Vis-à-vis gesinn ...
Presentéiert vum
- Eric Ewald