Liewe fir de Veräin
Eliane Lothritz
44 min
Dem Hobbykënschtler geet et net ëm de Rumm, mee einfach ëm d’Freed mat hirem Hobby. Doheem aktiv sinn, Biller molen oder eppes Flottes bastelen. Dat ka ganz séier eng Sucht ginn, d’Kreatioune gi Famill a Frënn gewisen, vläicht och mol verschenkt. Mee mat der Zäit ass de Keller, de Späicher oder d’Garage ze kléng fir alles ze stockéieren. Wat maachen? Verkafen an aneren eng Freed maachen? Firwat net, mee wéi virgoen? Eng gutt Adress ass an deem Fall d‘ASBL Hobbykënschtler Lëtzebuerg.
Eliane Lothritz