Am Dezember zejoert waren iwwer 18.000 Mënsche op der Sich no enger Aarbecht. Dat ass eng Hausse vun iwwer 15 Prozent am Verglach mam Dezember dat Joer virdrun. Am gréisste wier d‘Hausse bei deene Leit, déi een Unisdiplom hunn, an déi ënner 30 Joer hunn, esou de Statec an d’ADEM an hirem leschte Rapport. Wéi schwéier ass et fir déi Jonk eng Aarbecht ze fannen, wéi eng Erwaardungen hu si un d’Beruffswelt a wéi eng Profiller ginn iwwerhaapt aktuell um Lëtzebuerger Aarbechtsmarché gesicht? Mir schwätzen op der Infobourse vum SNJ mat Jonken a mat Recruteuren.
arrow_back_ios
Schwéierpunkt vum Dag
Éischte Kontakt mat der Aarbechtswelt
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow

(Foto: SNJ)
Episoden

Plaintë wéinst Vergewaltegungen an de leschte 5 Joer verduebelt
Datt d'Zuel vun de Plaintë wéinst Vergewaltegung klëmmt, wier eng positiv Entwécklung, seet d'Presidentin vum Planning familial. Den Tabu vum Sujet géif weider gebrach ginn.

Wat kënnen d'Gemenge maachen, fir Iwwerschwemmungen ze verhënneren?
Mam Klimawandel hëlt och d'Heefegkeet vu Staarkreen-Evenementer zou. Dat hunn nach am Juni eenzel Gemengen hei am Land ze spiere kritt.
Ass et derwäert iwwer d'Fouer ze fuerschen?
Den Historiker Steve Kayser fuerscht iwwer d'Geschicht vun der Fouer. Mir hunn hie gefrot, firwat dee Sujet him esou wichteg ass.

Kamala Harris vs. Donald Trump
Kamala Harris an Donald Trump, fir d'éischte Kéier zesummen op der Bün. D'Debatt déi lescht Nuecht zu Philadelphia war déi alleréischte Kéier, wou déi zwee Kandidate fir d'Wäisst Haus ee Face-à-face haten.

Regierungsformatioun a Frankräich
De Michel Barnier op der Sich no Allianzen

Schutz fir d'Kanner viru sexualiséierter Gewalt am Internet
D’Kanner wieren net genuch geschützt viru sexualiséierter Gewalt am Internet, am Géigendeel, si wieren hir “ausgeliwwert”. Wéi kënnen d'Kanner besser geschützt ginn?

Opwäertung vum Beruff vum Tätowéierer
Vun dëser Rentrée u gëtt et en neien DAP (diplôme d'aptitude professionnelle) am Lycée technique du centre, an deem d'Schüler:innen iwwer dräi Joer d'Handwierk vum Tätowéiere kënne léieren.

Blozonge beim Mëllechbauer
D’Blozongekrankheet mécht de Bauere vill Suergen - an och zu Weiler bei Housen huet e Bauer säin Haff, op deem sech de Virus verbreet huet.

Virbereedunge op d'Poopst-Visitt de 26. September
Bannent nëmmen enger Stonn no der Ouverture vun den Online-Inscriptiounen hu sech iwwer 4.000 Leit ugemellt. Dat fir am Ganze 650 disponibel Plazen.

vel'OH: Vandalismus huet an de leschten zéng Joer zougeholl
Zanter 2018 goufen déi normal Vëloen duerch Pedelecen, also elektresch Vëloen, ersat. Zanterhier huet sech d’Zuel vun den Abonnementer verduebelt. Parallel sinn awer och d’Fäll vu Vandalismus an d’Luucht gaangen.

Paralympics zu Paräis
Zanter dem 28. August an nach bis e Sonndeg sinn zu Paräis déi Paralympesch Spiller. Wéi erliewen eis Vertrieder, den Bommstousser Tom Habscheid an d'Rennrollstullsprinterin Katrin Kohl, dës Spiller.

Público Brasilien - eng Offer fir d'Brasilianer a Portugal
400.000-600.000 Brasilianer liewen a Portugal. Fir dës Gemeinschaft ze erreechen, huet eng vun de gréissten Dageszeitungen, de Público, decidéiert de Público Brasilien ze lancéieren.

Déi Paralympisch Spiller zu Paräis hu ungefaangen
D'Paralympics virun 12 Joer zu London haten e groussen Impakt op de Sport fir Leit mat enger Behënnerung an England.

Optakt vun de Paralympics
Zu Paräis ass et den Owend (28.8.) den Optakt vun de Paralympics. Eng 4.400 Athleete mat Behënnerung aus 90 Länner streiden 11 Deeg laang ëm Medailen.

Klimawandel: Konsequenzen zu Lëtzebuerg
D‘Follge vun der globaler Äerderwiermung si weltwäit spierbar. Iwwerschwemmungen an Dréchenten huelen ëmmer méi zou. Och zu Lëtzebuerg. Och d‘Planzen- an Déierewelt leit ënner dem Klimawandel.

Gëtt et Beweegung beim geplangten Naturschutzgebitt?
Schonn zanter 2017 ginn et gréisser Diskussioune ronderëm de Projet a wéi eng Oplagen an Zukunft an deem Gebitt gëlle sollen.

International Steier-Kooperatioun: D'Länner aus dem globale Süden soe Jo zu enger UN-Konventioun
E Vott bei de Vereenten Natiounen huet gewisen, datt sech d‘Länner aus dem Süden zimmlech eens sinn - déi aner sech awer deels weider queesch stellen.

Import vun exotesche Planzen
Wien exotesch Planze mat an d'EU importéiert, bréngt heefeg och invasiv Spezies mat, déi Natur an Ëmwelt vill kënne schiedegen.

D'Drénkwaasser schützen
Duerch de Klimawandel muss een d'Drénkwaasser ëmmer méi virun Extreemwiederen schützen. D'Waasserverwaltung huet dofir iwwer dräi Piliere Mesuren opgebaut.
