Europa Aktuell
Ee Walowend mam Raphaël Glucksmann
4 min
![on the headlines](https://100komma7.lu/1_Foto/100komma7.lu/Rapha%C3%ABl%20Glucksmann.jpg)
"Réveiller L’Europe” - ënner dësem Motto trëtt de Sozialist Raphaël Glucksmann bei den Europawalen a Frankräich un. An de Sondagë läit hie knapp ee Prozent hanner der Kandidatin vun der Regierungspartei, der Valérie Hayer, op Plaz dräi an ass sécherlech de groussen Iwwerraschungskandidat bei dëser Wal. Hie kéint d'Resultat vun de Sozialiste par rapport zu leschter Kéier bal verduebelen. Wat ass säin Erfollegsrezept, a wéi enge Punkte kann hie seng Wieler iwwerzeegen? De Max Tholl war gëschter Owend zu Paräis beim Meeting vun de Sozialisten, bei deem och hiren europäesche Spëtzekandidat, de Lëtzebuerger Nicolas Schmit, opgetrueden ass.
Episoden
EU wëll géint illegalen Drogenhandel virgoen
Ëmmer méi illegal Drogen kommen op den europäesche Marché – wat wëll, wat kann d‘EU dogéint ënnerhuelen?
Kommunikatiounschaos ronderëm den No-Ost-Konflikt
Zu Bréissel koum et dës Woch zu enger éischter penibeler Kommunikatiounspann an der Suite vun der Eskalatioun am Noen Osten.
Euro7-Normen fir Autoen: D'Europaparlament huet tranchéiert
Nei Grenzwäerter fir Autos-Emissiounen: D‘Positioun vum Europaparlament bleift hannert deem, wat sech Länner, déi sech fir méi streng Ziler asetzen, erwaarden.
Betwanzen-Alarm a Frankräich: D'Regierung reagéiert
„Punaise“ – d‘Affaire vun de Bettwanzen a Frankräich schléit héich Wellen. Experten soen, et géif kee Grond fir Panik awer et ass ubruecht, eppes ze ënnerhuelen.
Portugal: Enn vu Steiererliichterungen fir auslännesch Pensionnäire
Leit, déi hir Pensioun am Portugal verbrénge wëllen, kéinten an Zukunft net méi vu Steier-Cadeauen profitéieren.
Ze mann sozial Wunnengen a Frankräich
Net just zu Lëtzebuerg gëtt et eng Wunnengsnout. A Frankräich waarden iwwer zwou Millioune Stéit op eng sozial Wunneng.
![EU-Sommet zu Granada: Ass de Sträit iwwer Migratioun eriwwer?](/1_Foto/100komma7.lu/95743/image-thumb__95743__base_thumbnail/Dani%C3%A8le%20Weber.7f324c0c.jpg)