Radioen

On air

Nei Musek  |  Nei Musek

play_arrow Live
arrow_back_ios

Klassik Aktuell

Musek a Kultur / Klassik Aktuell

/ E volle Concertsweekend am Éislek

E volle Concertsweekend am Éislek

headphones

7 min

Lauschteren play_arrow

De Klenge Maarnecher Festival ass dëst Joer erëm amgaangen zanter dem 23. Mäerz. Dëse Weekend ginn et direkt dräi Concerten a Kierchen am Norden. Dat Besonnescht: et gëtt net nëmme Musek ze entdecken, mee och d’Geschicht an den Dekor vun de Kierchen, ënnert anerem zu Eschweiler an zu Sëll.


Bei zwee vun de Concerte spillt den Ensembel Ad Libitum Barockmusek, zesumme mat enger Sängerin an engem Sänger vu Lëtzebuerg. Dat ass, wéi de Romain Kremer seet, e “Concert deen ënnert d’Haut wäert goen”. Um drëtte Concert spillt dann en Duo mat enger Geiistin an enger Pianistin Geiesonate vum Beethoven. Detailer huet de Romain Kremer, den artisteschen Direkter vum Festival, dem Marie Schockmel verroden.

Musek
Klassik
mic_none

Presentéiert vum

Episoden

'many people don't even know it exists'

E Concerto net a Majeur, net a mineur, mee 'in modo misolidio'. De finnesche Pianist Olli Mustonen spillt dëse Concerto vum Respighi zu Lëtzebuerg.
headphones

7 min

play_arrow

Mosel Musikfestival 2024

Däitsche Museksfestival an der Muselregioun, och hei am Land (12.07. – 03.10.)
headphones

11 min

play_arrow

Alles ronderëm d'Gittar

De Gittarefestival am Stater Conservatoire geet a seng drëtt Editioun
headphones

7 min

play_arrow

Eng Saison mat villen Anniversairen

20 Joer Philharmonie, dem Gustavo Gimeno seng zéngt Saison, an dem Simon Rattle säi 70.Gebuertsdag. Et gëtt awer och en Abschid gefeiert...
headphones

8 min

play_arrow

Rising Star Mathis Stier an der Philharmonie

De Münchner Fagottist spillt e Concert zesumme mam Akkordeonist Julius Schepansky an der Philharmonie (07.05.)
headphones

8 min

play_arrow

Piano Week am Escher Conservatoire

Wärend enger Woch ginn déi verschidde Facettë vum Instrument mat Concerte vu Schüler:innen, Proffen, an zwee internationale Pianiste beliicht.
headphones

5 min

play_arrow

Nei Saison vun de Solistes Européens, Luxembourg.

D'Saison 24-25 versprécht lauter Iwwerraschungen a feiert de 35. Gebuertsdag vum Orchester.
headphones

8 min

play_arrow

E volle Concertsweekend am Éislek

Dëse Samschden a Sonnden (27. & 28.04.) ginn et direkt dräi Concerten um Klenge Maarnecher Festival
headphones

7 min

play_arrow

Fun! Mam OCL

Dëse Sonnden (28.04) gëtt et am Kammermusekssall vun der Philharmonie e ganz ... witzege Concert.
headphones

6 min

play_arrow

Méi wéi just Suen

D’Halleffinall vum zweete Prix Anne & Françoise Groben steet virun der Dier. D’Zil vum Concours ass et e Sprangbriet fir e jonkt Talent ze sinn.
headphones

7 min

play_arrow

Catch Music Festival

Vum 26.-28. Abrëll ass déi 3. Editioun vum Catch Music Festival am Centre Culturel zu Bouneweg.
headphones

9 min

play_arrow

Zwee Chéier, een Orchester an de Pierre Cao

De mëttlerweil 86 Joer ale Lëtzebuerger Dirigent Pierre Cao dirigéiert de 27. Abrëll 'Die Schöpfung' vum Joseph Haydn am Stater Conservatoire.
headphones

6 min

play_arrow

Déi perfekt Resonanz

De 27. Abrëll ass dem Alexander Nikolajewitsch Skrjabin säin 109. Doudesdag.
headphones

8 min

play_arrow

Jazz and the City

D'Lëtzebuerger Philharmoniker spille Gershwin, Bernstein, Ellington a Zygel. Den Dirigent an de Solist um Piano ass de britesche Museker Wayne Marshall.
headphones

9 min

play_arrow

Uechter d'Land

Bei der Lëtzebuerger Staatsvisitt an der Belsch spillen d'Lëtzebuerger Philharmoniker e Concert mam Ivan Boumans sengem Medley "Uechter d'Land"
headphones

6 min

play_arrow

"Ech sollt do eigentlech net eleng stoen"

E Gespréich mat der Tanja Tetzlaff iwwer den ICMA-Award fir hiren Album mat hirem Brudder Christian an dem verstuerwene Pianist Lars Vogt.
headphones

6 min

play_arrow

E Fest vun der Musek

De Gala-Concert an d'Präisiwwerreechung vun den International Classical Music Awards 2024
headphones

13 min

play_arrow

Déi grouss Uergel aus der Philharmonie

De Maurice Clement spillt ënner anerem Wierker vu Franck, Bruckner a Liszt op der grousser Uergel vun der Philharmonie.
headphones

11 min

play_arrow

De J.-S. Bach gëtt neierfonnt

Mam neien Album "(ré)inventions à deux pianos" vum Duo Vershinina/Lee
headphones

8 min

play_arrow

'We want the teachers of the future"

D'Enseignantë ginn zu Lëtzebuerg am Bachelorstudium fir Enseignement Musical ausgebilt.
headphones

6 min

play_arrow