Radioen

On air

Tockcity  |  Logan - Say It

play_arrow Live
arrow_back_ios

Genuddels a Gejiips

100komma7.lu / Genuddels a Gejiips

/ Den Shawn Purcell, den Toms Rudzinskis an den John Coltrane

Den Shawn Purcell, den Toms Rudzinskis an den John Coltrane

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

Deen zu Pittsburgh gebiertege Gittarist Shawn Purcell huet säi Liewen de sechs Säiten dediéiert a säi Wee fonnt als engersäits Member vun de ganz aktive Bands vun der Air Force an der Navy an awer och als Dozent op der George Mason University zu Washington. Hien ass awer och mat senger eegener Band ganz aktiv.

Den Toms Rudzinskis ass ee vun den ugesotsten Jazz-Saxofonisten aus dem Baltikum an huet mat “Abyss” en neien Album erausbruecht an eng Live-Opnam aus dem Village Vanguard vun 1961 weist den John Coltrane an enger Transitiouns-Phas.
Presentéiert vum Pit Dahm a Pol Belardi.

Playlist:
1. Shawn Purcell - Cat and Mouse
2. Shawn Purcell - A Time for Love
3. Shawn Purcell - Soul Blue
4. Toms Rudzinskis - A Known Universe
5. Toms Rudzinskis - Into the Abyss
6. Toms Rudzinskis - Towards Light
7. John Coltrane - Chasin the Trane
8. John Coltrane - Miles Mode

Musek
Jazz
mic_none

Presentateuren

Episoden

Benack, Light, Trane

Zwee Jonker an ee alen Hues: Benny Benack, Max Light an John Coltrane
headphones

60 min

play_arrow

Al Huesen, déi awer jonk klengen

Divers a mega erfrëschend: Dräi Albume vun Aaron Goldberg, Kurt Rosenwinkel a Kendrick Scott
headphones

60 min

play_arrow

Dräi Albumen ...

... vu Pat Metheny, Donny McCaslin an Dave Holland
headphones

60 min

play_arrow

Drogen an Alkohol am Jazz

Et geet ëm Jazz-Stécker, déi sech mat verbuede Substanze beschäftegen.
headphones

60 min

play_arrow

Rip Astrud Gilberto

En Noruff fir déi wonnerbar Sängerin Astrud Gilberto an nei Musek vun Illegal Crowns
headphones

60 min

play_arrow

Noam Wiesenberg, Herbie Hancock, Deodato

Mat neier an net méi esou neier Musek vun Noam Wiesenberg, Herbie Hancock an Deodato
headphones

60 min

play_arrow

Wynton-Zambrini-Mariotto

Musek vu Wynton Marsalis, dem Pianist Antonio Zambrini mat sengem Trio an dem Batteur Christian Mariotto
headphones

60 min

play_arrow

Michel Meis an Helge Schneider

Musek vum Helge Schneider an de Batteur Michel Meis am Interview
headphones

58 min

play_arrow

Dräi Albumen

Vum Wayne Escoffery, vum legendäre Batteur Louis Hayes an e Klassiker vum Thelonious Monk
headphones

60 min

play_arrow

Genuddels a Gejiips - Iguana, Ahmad Jamal

Interview mam Félix Schaber senger Band Iguana an en Noruff op den Ahmad Jamal
headphones

61 min

play_arrow

Dräi wonnerbar spannend Albumen ...

... vu Genevieve Artadi, Isaiah J. Thompson a Grant Green
headphones

60 min

play_arrow

De Wayne Shorter - Een Noruff

Den 2. Mäerz 2023 huet mam Wayne Shorter ee groussaartege Museker d'Weltbün verlooss.
headphones

60 min

play_arrow

Dräi Albume vun dräi Generatiounen

"Monk's Dream" als Klassiker, dem Brad Mehldau säin neie Solo Album mat Beatles Kompositiounen an dem Reinier Baas säin "Deadeye"
headphones

60 min

play_arrow

Brown-Shorter-Loueke

Dräi Albumen um Programm. "Adam's Apple" vum Wayne Shorter, "Soular Energy" vum Ray Brown Trio an "HH" vum Lionel Loueke
headphones

60 min

play_arrow

Dräi nei Albumen

Vum Marcus Strickland, Jason Moran an dem Esperanza Spalding an dem Fred Hersch
headphones

60 min

play_arrow

Déi fënnef geniaalste Walkingen

De "Walking Bass", ee vun de wichtegste Bestanddeeler vum Jazz respektiv Swing an déi nei Release vum Sebastian Rochford
headphones

60 min

play_arrow

100-Joer-Feier

Jazzmuseker, déi dëst Joer hiren 100. Gebuertsdag gefeiert hätten.
headphones

60 min

play_arrow

Album Picks 2022

Et goufen erëm allerhand Sortië vun Albumen am Joer 2022, nodeems et virdru Pandemie-bedéngt méi moer war.
headphones

60 min

play_arrow

Carnegie Hall Jazz Band a Count Basie Orchestra

Eng groussaarteg All Star Band ënner der Leedung vum Jon Faddis an dem Count Basie seng Ierfschaft
headphones

60 min

play_arrow

Top 5 an nei Musek

Déi fënnef bescht Pianos-Soloen an en neien Album vum Donald Byrd
headphones

60 min

play_arrow