Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
100komma7.lu / Biotop

/ Den Naturschutzzentrum Burfelt zu Ënsber

Den Naturschutzzentrum Burfelt zu Ënsber

headphones

11 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Natur mat alle Sënner erfuerschen.
Den Naturschutzzentrum läit op enger Hallefinsel direkt um Uewersauer-Stauséi. De Stauséi, sou wéi déi typesch Éisleker Koppen a Louhecken, prägen dës Géigend. Duerch déi roueg a wonnerschéi Landschaft fanne Visiteuren den direkte Wee zu der Natur. Am Gebai aus dem 18te Joerhonnert erwaart d’Visiteuren eng interaktiv Ausstellung. Dës Erliefnesausstellung dréint sech ëm de Bësch an all seng Funktioune souwéi d‘Bezéiungen tëscht Mënsch, Natur a Bësch.

Nieft der Gestioun vun den ëffentleche Bëscher an den Naturschutzgebitter, ass et der Naturverwaltung hir Aufgab, fir de Public fir den Naturschutz an den nohaltege Verbrauch vun natierleche Ressourcen ze sensibiliséieren.
Dëser Aufgab stellt sech och den Naturschutzzentrum Burfelt mat enger Panoplie vun Naturerliefnesaktivitéiten. Ënnert dem Moto „Learning by doing“ gëtt d’Bewosstsinn an d’Verantwortung vun de Jonken aktiv stimuléiert a gestäerkt.
Invité ass de Fierschter a responsabele Leeder vum Naturschutzzentrum Burfelt, a Bëschpadagog Serge Hermes.

Politik a Gesellschaft
Nohaltegkeet
Ëmwelt
mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Nohalteg Ernärung - wat kann de Konsument maachen?

Argentinesche Bifdeck, Drauwen aus Indien an Tomaten aus Neuseeland - nohalteg akafe geet anescht. Mee wéi? E Gespréich mat der Ernärungssoziologin Rachel Reckinger

De Wollef zu Lëtzebuerg?

De Wollef ass zeréck zu Lëtzebuerg! Musse mir elo fäerten, wa mir nuets an de Bësch spadséiere ginn?

De Bësch vu muer

De Bësch ass wichteg fir d'Ëmwelt, leit awer och ënner dem Klimawandel. Mee wat kann ee maache fir de Bësch méi widderstandsfäeg ze maachen?

Och de Buedem muss geschützt ginn

D'Biedem sinn am Ëmweltschutz vläicht net ëmmer esou present, mee e gesonde Buedem ass wichteg fir de gudde Fonctionnement vun der Ëmwelt.

Erfarunge mat Photovoltaik

Wéi einfach oder schwiereg ass et eng Solaranlag op den eegenen Daach z'installéieren? U wat muss een do alles denken?
on.perfekt

on.perfekt

D'Kooperativ verkeeft a sengem Pop-Up Store zum Beispill Geméis, dat et opgrond vun der Optik net bis an de Supermarché packt.
headphones

6 min

play_arrow

Carboncounter a Verglach-Plattform

Wëllt ee sech haut fir en nohaltegen Auto entscheeden, ginn et online Hëllefe fir dës Decisioun. Änlech ass et beim Choix vun der Elektro-Borne.

Wat muss ee bei der Photovoltaik wëssen?

Deel vum nationalen Energie- a Klimaplang ass et, datt och Privatpersoune bei der erneierbarer Energie hëllefen. Mee wat muss een do wëssen?

Nohalteg Ernärung - wat kann de Konsument maachen?

Argentinesche Bifdeck, Drauwen aus Indien an Tomaten aus Neuseeland - nohalteg akafe geet anescht. Mee wéi? E Gespréich mat der Ernärungssoziologin Rachel Reckinger

Letz Talk about Klima

D'Koalitioun United for climate justice huet dës Initiativ an d'Liewe geruff, fir d'Klima-Thematik an den ëffentleche Raum ze bréngen.

De Problem mat der Saison

Wéini ass et un der Zäit, e bestëmmte Geméis oder Uebst ze kafen? Dat ass deelweis guer net esou offensichtlech, wéi een kéint mengen.

KreaVert

En INTERREG-Projet, vu fënnef Partner aus der Groussregioun, bei dem et drëms geet d'Stied méi gréng ze maachen.
Greenwashing

Greenwashing

Ekologie an Ëmweltschutz déngen haut dacks als Verkafsargument. Wann de Produit net esou gréng ass wéi seng Reklamm et suggeréiert, da schwätzt ee vu Greenwashing.
headphones

4 min

play_arrow

Esouvill wéi méiglech recycléieren

Fir d'Potenzial vum Offall opzeruffen, muss ee probéieren alles ze recycléieren. An do ka jidderee mathëllefen.

Wéi ee Potenzial huet Offall?

Et ass eng Ressource, déi quasi onendlech ass an dofir och vill Potenzial huet.

Wéi steet et ëm de Vëlo?

An der europäescher Mobilitéitswoch gouf vill op de Vëlo gesat? Mee wéi gesäit dat am Alldag aus?

Rainforest.lu

D'ASBL ënnerstëtzt zanter 2013 e Projet vun der Universitéit Wien, bei deem am Costa Rica Beem geplanzt ginn.