Nei Musek
Den Ensemble Intercontemporain mam George Jackson
Vu Leederen, déi méi si wéi Tounleederen, Kristallen, déi sech verflëssegen an enger hysterescher Sängerin, déi sech abilt, véier verschidde Charakteren ze hunn, handelt d'Musek am Concert mat Neier Musek, dee Wierker vum Steve Reich an neie Stécker vun zwou Komponistinne géintiwwerstellt, gespillt vum bekannte franséischen Ensemble Intercontemporain.
Programm:
Josephine Stephenson: In Time Like Air
Steve Reich: Jacob's Ladder
Héloïse Werner: Close-ups
Steve Reich: Reich/Richter
Interpreten:
Héloïse Werner, Sopran
Hae-Sun Kang, Gei
Synergy Vocals
Ensemble Intercontemporain, George Jackson
Presentéiert vum
- Remy Franck
Episoden
Sound Imagery
Klangbiller inspiréiert vu Filmer vum Andrei Tarkovsky a Biller vun der Agnes Martin.
Turangalîla-Sinfonie
D'Yuja Wang an den Orchester vun der Mailänner Scala spillen dem Olivier Messiaen seng Turangalîla-Sinfonie ënner der Leedung vun der Simone Young.
Turangalîla-Sinfonie
D'Yuja Wang an den Orchester vun der Mailänner Scala spillen dem Olivier Messiaen seng Turangalîla-Sinfonie ënner der Leedung vun der Simone Young.
for mira
Niewent der neier Kompositioun vun der Komponistin Héloïse Werner interpretéiert de Finnish Radio Symphony Orchestra dem Schostakowitsch säin éischten Cellosconcerto.
for mira
Niewent der neier Kompositioun vun der Komponistin Héloïse Werner interpretéiert de Finnish Radio Symphony Orchestra dem Schostakowitsch säin éischten Cellosconcerto.
Gurrelieder
Den Radio-Symphonieorchester Prag an den Norwegesche Radiosorchester interpretéieren dem Arnold Schönberg säi monumentaalt Wierk.
Gurrelieder
Den Radio-Symphonieorchester Prag an den Norwegesche Radiosorchester interpretéieren dem Arnold Schönberg säi monumentaalt Wierk.
Insektenhotel
De Remy Franck consacréiert déi ganz Emissioun dem Lëtzebuerger Komponist Claude Lenners. Haaptwierk um Programm ass dat neit Stéck "Insektenhotel" mam Ensemble Noise Watchers Unlimited.
Insektenhotel
De Remy Franck consacréiert déi ganz Emissioun dem Lëtzebuerger Komponist Claude Lenners. Haaptwierk um Programm ass dat neit Stéck "Insektenhotel" mam Ensemble Noise Watchers Unlimited.
"Aventures, nouvelles aventures"
E Concert mam Lëtzebuergeschen Ensembel fir Nei Musek ronderëm zwee Wierker vum György Ligeti
"Aventures, nouvelles aventures"
E Concert mam Lëtzebuergeschen Ensembel fir Nei Musek ronderëm zwee Wierker vum György Ligeti
Kent Nagano dirigéiert den Orchestre Philharmonique de Radio France
Um Festival Présences vu Radio France mat Wierker vu Chia-Ying Lin, Unsuk Chin a Bastien David, mam Ensemble Intercontemporain an dem Orchestre Philharmonique de Radio France
Under an Indigo Sky
Musek vun den amerikanesche Kompnisten Edward Hart a Kevin Puts
![E Programm mat Musek vu Komponistinnen](/legacy/images/10408/image-thumb__10408__base_thumbnail/marin-alsop-dirigentin-102__h-558_v-img__16__9__xl_w-994_-e1d284d92729d9396a907e303225e0f2d9fa53b4.52aae7fe.jpg)