Schwéierpunkt vum Dag
Den 100,7 feiert Gebuertsdag!
7 min
Gebuetsdagsstëmmung haut bei eis am Haus hei um Kierchbierg: Den 19. September 1993 - haut virun 30 Joer - ass den 100,7 fir déi éischte Kéier op Antenn gaangen. Et kann ee wuel soen, datt de radio 100,7 30 Joer no engem éischter schwieregen Ufank mëttlerweil seng Plaz an der Lëtzebuerger Medielandschaft fonnt huet. Ufanks war et dem radio 100,7 säin Optrag als soziokulturelle Radio eng spezifesch Nisch ze besetzen. Mam neie Gesetz vum leschte Joer krut den 100,7 ganz offiziell d’Missioun, als Generalisteradio all d’Leit zu Lëtzebuerg unzeschwätzen.
Presentéiert vum
- Sophie Schroeder