arrow_back_ios
Liewe fir de Veräin
Danièle Lentz-Polfer
headphones
44 min
Lauschteren
play_arrow
Weltwäit komme ronn 0,8 Prozent vun allen Neigebuerene mat engem méi oder manner schwéieren Häerzfeeler op d’Welt. Och wann d’Medezin an deem Beräich an der Vergaangenheet grouss Fortschrëtter gemaach huet, sinn zu Recht Mamm a Papp besuergt, wëssen dacks net, wat elo genee op si duerkënnt. Do kann d‘ALAEC eng grouss Hëllef sinn, d‘Association Luxembourgeoise d‘Aide aux Enfants Cardiaques … oder, méi einfach, d‘ASBL Häerzkrank Kanner zu Lëtzebuerg.