Eise Song vum Dag commemoréiert deen amerikanesche Sänger, Lidderschreiwer a Gittarist David Crosby, dee virun engem Joer am Alter vun 81 Joer gestuerwen ass. Seng éischt Band waren d’Byrds, déi an de 60er mat hirem psychedeelesche Folk d'Häerzer eruewert a Festivalle geheadlint hunn.
1969 fanne mir den David Crosby zesumme mam Graham Nash, fréier bei den Hollies, an dem Stephen Stills vu Buffalo Springfield an engem neie Super-Trio: Crosby Stills and Nash.