Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Wëssenswäert

100komma7.lu / Wëssenswäert

/ Auswierkunge vum Klimawandel op eis Waasserressourcen

Auswierkunge vum Klimawandel op eis Waasserressourcen

Zanter 2016 leet de Biolog Stan Schymanski am Luxembourg Institute of Technology, dem LIST, eng Fuerschungsgrupp mam Numm Wave. Wave steet fir Water and Vegetation in a Changing Environment.
Hei geet et drëms d’Auswierkunge vum Klimawandel op eis Waasserressourcen ze erfuerschen. An deem Prozess spillt d’Vegetatioun eng prinzipiell Roll. An d’Planz déngt als Zort Leem tëschent dem Grondwaasser an der Atmosphär.
Planzen absorbéiere Waasser iwwer hir Wuerzelen, dëst dréngt da bis an d’Blieder an, a wéinst ganz klenge Lächer an de Blieder, och Stomata genannt, geléngt d’Waasser an d’Loft.
Doduercher entsteet en Austausch vu Waasser a Kuelendioxid, CO2 also. Wann déi sougenannte Stomata opsinn, kann zur nämmlechter Zäit CO2 an d’Planz andréngen a Waasser eraus.
De Stan Schymanksi a seng Ekipp erfuerschen, wéi dee Prozess an d’Verhältnis vum CO2 an der Loft an dem Waassergehalt vun der Äerd verbonne sinn. Mat hirer Recherche wëlle si Prognose maachen iwwer d’Verännerunge vum Klima.
Wéi awer beaflosst den CO2-Taux an der Atmosphär de Wuesstem vun de Planzen an domadder och de Grondwaasser-Spigel?
Abee wa fossil Brennstoffer verbrannt ginn, erhéicht den CO2-Taux sech an der Atmosphär. Planze reagéiere vill méi séier op dës Changementer, wéi dat globaalt Klima. Wann den CO2-Taux an d’Luucht geet, brauch d’Planz hir Stomata net méi esou wäit opzemaache fir den CO2, dee fir d’Fotosyntees néideg ass, opzehuelen. An esou geet och manner Waasser an d’Loft.
Nach ass net kloer, ob d’Suitte fir de Waassergehalt vun der Äerd positiv oder negativ ausfalen. Gëtt d'Grondwaasser konservéiert, well déi betraffe Planz net méi esou vill verbraucht? Oder gëtt de Planzewuesstem insgesamt duerch dat disponibelt Waasser stimuléiert a schlussendlech de Grondwaasserniveau erofgesat?
Fir dës Froen ze beäntweren, wëllen de Stan Schymanski a seng Ekipp e Blatmodell entwéckelen. Am Laboratoire fir d’Perceptioune vun de Blieder nozëempfannen. Dofir brauche si Sensoren, déi grad esou empfindlech op d'Ëmwelt reagéiere wéi d'Blieder selwer.
Net nëmmen d'Reaktioun vun de Blieder op den CO2-Inhalt vun der Loft soll simuléiert ginn, mee och Faktore wéi de Wand, d’Ofkillung duerch d’Evaporatioun. De Blatmodell soll ënner anerem och duerstellen, wéi d’Stomata funktionéieren, wéi den CO2-Gehalt an der Loft d’Vegetatioun an d’Grondwaasser beaflosst.
De Modell versprécht engersäits virauszesoen, wéi d'Vegetatioun an de Grondwaasserniveau sech veränneren, wann d’CO2-Konzentratioun an der Loft klëmmt. Anerersäits soll den Afloss vum Grondwaasserspigel op d’Vegetatioun virausgesot ginn.
Mat der Recherche an deem Modell kéinten d’Verännerungen an der Ëmwelt besser verstane ginn, an deemno kéint een op bedenklech Entwécklungen opmierksam maachen.
De Stan Schymanski fuerscht also am LIST d’Interaktiounen tëschent der Vegetatioun, dem Buedem an der Atmosphär, mam Zil den Impakt vum Notze vu Land an dem Changement op Waasserressourcë kënne virauszesoen.

Episoden

Wéi d‘Mustiken eis fannen

Net nëmmen eisem Geroch fléie se no, mee och d‘Kierperwäermt zitt se un.
headphones

1 min

play_arrow

Scho méi laang hei an Europa

Kokain gouf et wuel scho gutt 200 Joer méi laang hei an Europa, wéi bis elo geduecht.
headphones

2 min

play_arrow

Een neiaartegen DNA-Computer

Hei soll ee vill Informatiounen ofspäichere kënnen, ouni datt et vill Plaz ewech hëlt.
headphones

2 min

play_arrow

Beem wuesse méi séier duerch CO2

Wa méi Kuelendioxid an der Loft ass, hëlleft dat ville Beem beim Wuessen.
headphones

2 min

play_arrow

Konflikter beaflossen eis

Och wa mir net direkt dovunner betraff sinn.
headphones

1 min

play_arrow

4,4 Milliarde Mënschen ouni proppert Waasser

Dat seet eng nei Analys. Bis elo ass ee just vun der Hallschent ausgaangen.
headphones

1 min

play_arrow

De Kampf géint de Kolonialismus

Trinidad an Tobago wëllen hire Wopen änneren, deen deelweis nach un déi europäesch Koloniséierung erënnert.
headphones

1 min

play_arrow

Planzen duerchginn eng Pubertéit

Dat weist sech duerch eng méi héich Genaktivitéit.
headphones

4 min

play_arrow

De Cinébelval kritt e Sall mat "ScreenX"

An esou engem Sall ginn och Biller op d'Säitewänn projezéiert. Ob et derwäert ass? Do ginn d'Meenungen auserneen.
headphones

2 min

play_arrow

Den Effekt vun der Liichtverschmotzung

An den Stied hunn d‘Beem deelweis méi haart Blieder entwéckelt, well d‘Nuechten och net méi richteg däischter sinn.
headphones

1 min

play_arrow

Zäit um Handy verstäerkt d‘Langweil

Wann ee sech d‘Zäit um Handy verdreift an ëmmer weider spréngt, kann ee sech duerno nach méi langweilen.
headphones

2 min

play_arrow

Bei der Bedeitung si mir eis net ëmmer eens

Verschidden Emojie ginn deelweis ganz ënnerschiddlech benotzt.
headphones

1 min

play_arrow

Firwat gräifen Orcae Schëffer un?

Zanter Joren attackéieren déi Déieren ëmmer nees Booter. Beim Grond ass ee sech awer nach ëmmer net sécher.
headphones

2 min

play_arrow

E Comeback vun Oasis?

Déi zwee Gallagher-Bridder hu mat Posts op hire Soziale Medien d‘Gerüchter ugefeiert.
headphones

2 min

play_arrow

Wäsche geet net ëmmer duer

Wann een Uebst ofwäscht, sinn net onbedéngt alleguerten d‘Pestiziden ewech.
headphones

1 min

play_arrow

An Europa si mir schlecht op Tornadoe virbereet

Fuerscher:innen hu verschidde Wierbelstierm analyséiert, bei deene sech Mënschen dacks net richteg verhalen hunn.
headphones

2 min

play_arrow

D‘Wattmier verännert sech rasant

Duerch d‘Äerderwiermung verschwanne Planzen an Déieren aus dem Ökosystem.
headphones

1 min

play_arrow

Deeg gi méi laang

De Klimawandel huet en Afloss op d‘Dauer vun eisen Deeg, och wann dat an engem Beräich ass, an deem mir dat net mierken.
headphones

1 min

play_arrow

Wou ass d‘Waasser hin?

Viru Milliarde vu Jore gouf et Waasser um Mars. Et gi lo Hiweiser drop, wou et kéint hi verschwonne sinn.
headphones

1 min

play_arrow

Och haut ginn et nach Hexeverbrennungen

Eleng a Papua-Neiguinea ginn nach all Joer ronn 200 Mënschen ëmbruecht, well si fir eng Hex gehale ginn.
headphones

2 min

play_arrow