Den Hallwer Néng
Ambulant Sozial-a Familljenaarbecht vum Service PAMO
24 min
D‘Fondatioun Kannerschlass schafft a verschiddene Beräicher.
PAMO, dat steet fir "Projet d’Action en Milieu ouvert”. Dee Service vum Kannerschlass gëtt et ewell schonn zanter 30 Joer. Et ass e Service deen zum Ambulatoire vum Kannerschalss gehéiert, dat heescht dat si dobaussen um Terrain Kanner, Jugendlechen an hir Famillje betreien.
Mat wéi enge Problemer si konfrontéiert sinn, a wéi sech Problemer am Laf vun der Zäit geännert hunn, dat ass de Sujet haut am Hallwer Néng. De Jean Claude Majerus mellt sech vun Esch mat der Chargée de Direction vum PAMO, Valerie Scuto-Franck
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus