Den Hallwer Néng
All véiert Kand zu Lëtzebuerg ass aarm
Ronn ee Véierel vun de Kanner, fir prezis ze si 24,5 Prozent zu Lëtzebuerg, liewen an Aarmut, dat ass eng Feststellung, aus dem neie Bilan Inocenti vun der Unicef. An 39 Länner aus der EU an der OECD gouf eng Analys iwwer Kanneraarmut gemaach, an op där Lëscht koum Lëtzebuerg op déi 35. Plaz.
De Jean Claude Majerus mellt sech aus dem Siège vun der UNICEF an der Stad a schwätzt mat de Responsabele iwwer d‘Kanneraarmut. Wéi ass dat méiglech? Firwat ass d‘Kanneraarmut grad a räiche Länner esou héich? A wéi eng Recommandatioune kann ee ginn?
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus