D’Heeschen, zemools mam Gesetz dat Heeschen elo verbidden soll, steet den Ament jo quasi all Dag an der Aktualitéit. Mä am Fong wär et jo och wichteg an eisem Land emol méi am Allgemengen oder am Groussen a Ganzen iwwert Aarmut ze schwätzen. Aarmut ass en Thema wou Lëtzebuerg sech net immens äifreg weist fir driwwer ze schwätzen, besonnesch wa mer baussent de Grenzen dacks als räicht Land dohinner gestallt ginn. Virun allem Aarmut gesäit ee meeschtens kengem Mënsch un, an awer gëtt et se. An vill Mënsche wëllen oder kënnen, meeschtens aus Schimmt net driwwer schwätzen. Invité ass de President vum dem Office Social Raomain Daubenfel. Well ëmmerhi kann een dovun ausgoen datt 17 Prozent vun de Mënschen zu Lëtzbuerg an Aarmut liewen, an dat sinn iwwer 100 000 Leit.
arrow_back_ios
Den Hallwer Néng
Aarmut ass eng Realitéit
headphones
25 min
Lauschteren
play_arrow

mic_none
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus
Episoden

Hiweis
Vun elo un fannt Dir dës Interviewen ënnert "Moiesstudio"

Wéi bléift een digital fit?
Wien net mat digitale Medie kann ëmgoe riskéiert ofgehaangen ze ginn. Wéi kann een dat verhënneren? (Rediffusioun vum 9. Oktober 2024)

Wéi kënnt een aus der Scholdefal eraus?
Mir froen de Christian Schumacher vum Service Surendettement vun der Ligue Médico-Sociale. (Rediffusioun vum 25. Oktober 2024)

Den Datum vum Trounwiessel ass bekannt
Den 3. Oktober 2025 wäert de Grand-Duc Henri zugonschte vu sengem Fils Guillaume ofdanken. Dozou e Gespréich mam Monarchie-Expert a fréiere Chamber-Greffier Pierre Dillenburg
Varianten am Lëtzebuergeschen
De Peter Gilles, Professer fir Linguistik am Institut fir Lëtzebuerger Sprooch- a Literaturwëssenschaft op der uni.lu, schwätzt iwwer de Variatiounsatlas, deen een online consultéiere kann. (Rediff. vum 1. Oktober 2024)

Miss Mona
Dem Tullio Forgiarini säi Polar aus dem Joer 2000 koum viru Kuerzem eng zweete Kéier eraus ...

D'Hotelsschoul zu Dikrech kritt een zweete Campus
Firwat ass dat néideg? Mir froen de Schouldirekter Michel Lanners.

Wat maachen d'Schoule géint Mobbing?
Mir froen d'Natalie Keipes, d'Direktesch vum schoulpsychologeschen Déngscht fir d'Lycéeën.
Wéi mécht een Zement méi nohalteg?
Dat froe mir de Geolog Jean-Frank Wagner, deen zanter Jore probéiert Alternative fir de klasseschen Zement ze entwéckelen.

Woubäi kënnen Assistenzhënn hëllefen?
Mir froen de Luc Schwartz, President vun der Amicale vun der Schoul vun den Assistenzhënn.

Wéi Drone-frëndlech ass Lëtzebuerg?
Mir froen de President vun der Lëtzebuerger Dronefederatioun, de Gilles Rock.

Vendée Globe: d'Kinnigin vun de Seegel-Courssen
De Lëtzebuerger Skipper Jérôme Merker erkläert d'Faszinatioun vun där Competitioun.

Handicap an Aarbecht
Zweedrëttel vun den Ufroe bei Info-Handicap dréie ronderëm d'Aarbecht. Wat d'Leit bedréckt a wéi hinne ka gehollef ginn, erkläert den Andrea Di Ronco.

LUGA, déi éischt national Gaardenausstellung
D'LUGA (Luxembourg Urban Garden) leeft vum 7. Mee bis den 18. Oktober 2025. D'Generalcoordinatrice Ann Muller erkläert, wat do gebuede gëtt.

Internationalen Dag vun de Mënscherechter
Mir schwätze mam neien Direkter vun Amnesty International Lëtzebuerg David Pereira.

Blutt spenden
D'Andrée Heinricy, Doktesch am Blutttransfusiounszenter vum Roude Kräiz, erkläert, wie Blutt spende kann, wéi dacks een dat maachen däerf, wou dat méiglech a firwat et wichteg ass.

Lëtzebuergesch Lidder an engem europäesche Buch: EU-Song-Book
De Robert Köller ass Comitésmember vun der UGDA, dem Daachverband vun de Lëtzebuerger Museksveräiner. Hien huet gehollef, déi 6 lëtzebuergesch Lidder erauszesichen.
Op der Sich no Fräiwëlleger
19 Daachverbänn an Honnerte Veräiner sichen no Benevoller, déi sech wëllen engagéieren- Deen associative Secteur huet sech professionaliséiert.
Wat bréngt d'Benevolat de Benevollen?
Mam Unisprofesser Claus Vögele schwätze mir doriwwer, wéi sënnstëftend ee fräiwëllegen Engagement ka sinn.
