Dat groussherzoglecht Reglement iwwer d’Bauschuttdeponië soll ofgeschaaft ginn: dat hat den Ëmweltminister Serge Wilmes d’lescht Woch ugekënnegt am Kontext vun der geplangter Moderniséierung vun de Wunnengsbauprozeduren. D’Zil dovu wier eng méi grouss Flexibilitéit bei der Gestioun vum Bauschutt.
De Secteur ass zefridden iwwer dës Pläng.