Schwéierpunkt vum Dag
Véier Méint Coworking-Space vum Staat zu Schieren
5 min
Am Dezember ass am Centre culturel Al Schoul zu Schieren e Pilotprojet ugelaf: Dee Moment krut Lëtzebuerg säin éischte Coworking-Space vum Staat.
Hei kënne Mataarbechter aus bis elo zwee Ministèren (Fonction publique an Digitalisatioun) schaffe kommen, fir net onbedéngt an d'Stad mussen ze fueren. Bis dato konnten also nëmmen zwee Ministèren dovu profitéieren, vun haut u sinn awer d'Mataarbechter aus ALLE Ministèren do wëllkomm. E Freideg gouf de Projet Coworking-Space virgestallt an an engems d'Strategie vun der neier Regierung an deem Kontext: Si setzt op weider sou Espacen, virun allem am Süden an am Osten, laascht d'Grenz.
Presentéiert vum
- Eric Ewald